Stierft e Puppelche matten am Schlof ouni direkte Grond, schwätzt ee vum "plëtzleche Kandsdoud", dem "Sudden Infant Death Syndrome" (SIDS).

Et ass den Horror-Zenario vu sämtlechen Elteren: E komplett gesond Kand stierft wärend dem Schlof, e Rätsel zanter laangem. Australesch Fuerscherinnen hu wéi et schéngt elo d'Ursaach erausfonnt.

Fir eng vun de Wëssenschaftlerinnen a Mamm vun 3 Kanner, d'Dr. Carmel Therese Harrington, war et eng perséinlech Ugeleeënheet. Virun 29 Joer ass hire Bouf um plëtzleche Kandsdoud gestuerwen. De Grond konnt keen hir nennen, et wier eben eng Tragedie. Wéi dunn e puer Joer méi spéit och nach de Puppelche vun enger Frëndin un deem selwechte Phenome verscheet ass, huet si decidéiert, hiren Job als Affekotin ze kënnegen an an d'Fuerschung ze wiesselen.

Mat Hëllef vun enger Crowdfunding-Aktioun, well d'Fuerschungsgelder vir an hannen net duergaange sinn, huet si hir Sich no den Ursaache vum plëtzleche Kandsdoud virugedriwwen, dat mat Succès. D'Dr. Harrington an hiert Team vun der Kannerklinik Westmead zu Sydney schéngen de Grond elo tatsächlech entdeckt ze hunn.

Wéi si vermutt huet, spillt dee Mechanismus vum Gehier beim Kand eng wesentlech Roll, dee fir d'wakereg ginn zoustänneg ass. D'Kanner stierwe jo wärend dem Schlof. Den Opwaach-Mechanismus ass awer net defekt, wéi si Uganks ugeholl hat, mä bei de betraffene Kanner huet en Enzym gefeelt, dee verhënnert, dass d'Kanner erféiere wann d'Ootmung ze laang stoppt.

Fir hir Ënnersichungen hunn d'Fuerscherinne gedréchent Bluttprouwe vun iwwer 60 verstuerwene Puppelcher kontrolléiert. Dës Prouwe waren e puer Deeg no der Gebuert am Kader vun engem Checkup geholl ginn. Wéi d'Kanner gestuerwe sinn, ware se tëscht enger Woch an 2 Joer al. Hir Bluttprouwe goufe mat deene vu gesonde Bëbeeë verglach. Dobäi huet sech gewisen, dass d'Aktivitéit vum Enzym Butyrylcholinesterase (BChE) signifikant niddereg war. Dësen Enzym ass wichteg fir d'Kommunikatioun am Gehier an ze wéineg dovu kann de sougenannten "Erregungswee" tëscht Ootmung a Schlof beaflossen. Dat erkläert och, wisou de plëtzleche Kandsdoud optrëtt, wann d'Kanner schlofen.

Screening méiglech

D'Fuerschungsteam huet op d'Méiglechkeet higewisen, dass een an Zukunft mat Zäite Puppelcher mat engem Risk fir de plëtzleche Kandsdoud identifizéiere kéint, andeems een den Enzym BChE als Biomarkeur notzt. Elo wéilt een nach erfuerschen, wéi ee spezifesch intervenéiere kann. D'Fuerscherinne wëllen un engem Screening-Test schaffen, fir Risiko-Bëbeeën ze fannen an dofir ze suergen, dass si iwwerliewen.

D'Resultater vun hiren Etüde ginn iwwregens an der Juni-Editioun vun der Fachzäitschrëft "eBioMedecine" verëffentlecht.