Ëmmer méi Frae stierwen un de Suitte vum Tubakkonsum. Dat huet d'Statistesch Bundesamt e Méindeg matgedeelt.

Den Undeel vu Fraen an der Gesamtbevëlkerung, déi u Longen- a Bronchialkriibs gestuerwe sinn, ass an de leschten 20 Joer ëm 73 Prozent geklommen. Am Joer 2000 sinn am Duerchschnëtt ëm 23 Fraen op 100.000 Awunner un enger vun deene Krankheete gestuerwen, am Joer 2020 waren et bal 40.

Am Ganze sinn 2020 ronn 75.000 Mënschen un de Suitte vun enger Krankheet gestuerwen, déi fir Fëmmerten typesch sinn. Ronn 46.000 vun de Patiente sinn u Kriibserkrankunge gestuerwen, knapp 30.000 Mënschen hunn un enger chronescher obstruktiver Longekrankheet (COPD).

Zwar ware Männer nach ëmmer méi heefeg vun déidleche Suitte vum Tubakkonsum betraff, beim Krankheetsbild Longen- a Bronchialkriibs war, am Géigendeel zur weiblecher Bevëlkerung, an de leschten 20 Joer awer e Réckgang ze notéieren. Sinn am Joer 2000 nach 73 Männer pro 100.000 Awunner un deene Krankheete verscheet, waren et 2020 nëmmen nach knapp 68.
Allgemeng goufen 2020 däitlech méi Mënsche wéinst fëmmspezifesche Krankheeten an engem Spidol behandelt wéi virun 20 Joer. D'Zuel vun deene Patienten ass dem Statisteschen Bundesamt no ëm 19 Prozent geklommen. Am Verglach zum Virjoer 2019 gouf et e Réckgang ëm 18 Prozent. Grond dofir ass d'Corona-Pandemie, déi ënner anerem Schold ass, dass geplangten oder plangbar Operatiounen a Behandlunge verréckelt goufen.