Vill Leit haten e Mëttwoch bei eise franséischen Nopere Problemer, fir op hir Vakanzendestinatiounen ze kommen.

Op der Gare zu Lyon si verschidden Aarbechter present, fir d'Leit, déi reesen, ze renseignéieren. D'Verbindungen tëscht Lyon an Nanzeg goufen ofgesot an verschidden Zich goufe remplacéiert duerch Busser. Marie-Ange Pourrat, eng 62 järeg Verkeeferin vun Hochzäitskleeder, huet hiren üblechen Zuch vun Tarare kritt, ongeféier 40 Kilometer nord-ëstlech vu Lyon. "Dëse Moien ass et nach gaangen, mä dësen Owend muss ech méi fréi ophale mat schaffen, fir mäin Zuch vun 18.36 Auer ze kréien, soss kréien ech e Bus, dee méi laang brauch a riskéiert voll ze sinn", seet d'Fra ganz besuergt. Si seet, dass Si de Streik "versteet", mä insistéiert: "Et muss een d'Saachen och trenne kënnen, wann een hautzedaags eng Aarbecht huet, muss ee sech och zefridde ginn mat deem, wat een huet."

No zwee Joer déi vun der Covid-19 Pandemie getraff goufen, hunn déi véier Syndikater, déi d'Leit bei den SNCF, CGT, Unsa, SUD-Rail an CFDT representéieren, en Opruff gemaach, fir e Mëttwoch fir eng Erhéijung vum Salaire ze streiken, dat wéinst der Inflatioun, déi weider klëmmt..

SNCF-Voyageurs no wäerten 3 TGVe vun 5 op der ëstlecher Säit zirkuléieren, 3 vu 4 Zich op nërdlecher an Atlantescher, a 4 vu 5 Zich op der Süd-ëstlecher. den internationalen Trafic, also Eurostar Thalys oder Lyria, sollte quasi-normal misste fueren.

RTL

All d'Clienten, deenen hir Zich annuléiert goufen, kruten normalerweis eng SMS, déi Si virgewarnt huet. Wann en Zuch annuléiert gouf, sollt een sech net rembourséiere loossen an en aneren Ticket kafen, deen de Präis vun haut wäert hunn a méi deier ass, mä et soll een en Ëmtausch maachen: den Ticket wäert am nämmlechten Präis sinn, wéi deen, dee si kaf hunn, ouni drop ze bezuelen", huet d'SNCF der AFP präziséiert.

De Gewerkschaften no goufen d'Salairen vun der SNCF net verännert zanter 2014. "Mat néier Konkurrenz an engem Salaire, deen zanter 8 Joer net erhéicht gouf, froe mir eis, wat nach op eis duerkënnt", sot Enn Juni den Fabien Dumas, Federal Sekretär vum SUD-Eisebunn.

D'Direktioun vun der SNCF huet dësen Mëttwoch eng Diskussiounsronn mat de Gewerkschafte virgesinn.