Südlech Spëtzt vu Kroatien elo via Bréck mam Festland verbonnen

Am Joer 2007 gouf mat de Bauaarbechte vun der Bréck ugefaangen, déi elo d'Hallefinsel Peljesac mam Festland verbënnt.
D'Bréck ëmgeet elo eng kleng Sträif bosneschen Terrain, deen tëscht der kroatescher Küst méi am Norden an dem südlechen Deel, mat do och Dubrovnik mat dran, läit. Well Bosnien-Herzegowina net Deel vun der EU ass, musse Pendler an Touristen bis elo deels laang op der Grenz waarden. Déi Waardezäit soll elo der Vergaangenheet ugehéieren an den Tourismus a Kroatien soll nees relancéiert ginn, deen duerch d'Corona-Pandemie nawell gelidden hat.
De Bau vun der Bréck war net onëmstridden. 5 Joer nom Optakt vun den Aarbechten huet de Projet musse gestoppt ginn, well d'Suen ausgaange waren. 2017 huet d'EU dunn 357 Milliounen Euro bäigesteiert, nodeems Kroatien mëttlerweil Deel vun der EU war. Déi 357 Millioune representéiere ronn 85% vun de Käschten. Ee Joer drop gouf dunn eng chineesesch Entreprise mat de Bauaarbechte beoptraagt.

Kritik un der Bréck gouf et vu Säite vu Bosnien-Herzegowina, well fir si den Zougang zum Mier fir grouss Schëffer méi komplizéiert géif ginn. Kroatien huet sech doropshi bereet erkläert, d'Bréck méi héich ze bauen, fir genee ze sinn op 55 Meter Héicht. Deemno kommen och elo grouss Schëffer problemlos derduerch a Richtung Bosnien.
Um Dënschdeg war et den Optakt vun de Feierlechkeete vun der Ouverture vun der 2,5 Kilometer laanger Bréck.