De Yann Quénet ass en Dënschdeg den Owend no enger Rees vun 3 Joer an der Bretagne ukomm, dat mat sengem Boot, dat e fir 4.000 € selwer gebaut huet.

"Et war en Dram, an ech hu mäin Dram realiséiert", sot de Quénet, wéi en am Hafen an der Gemeng Trébeurden ukomm ass. E wier zwar traureg, dass d'Rees elo eriwwer wier, ma e wier och frou seng Famill nees ze gesinn.

De Quénet war am Fréijoer 2019 gestart an hat an enger éischter Phas den Atlantik passéiert. En ass du mat sengem Seegelboot, der "Baluchon", iwwert de Pazifik bei d'Marquesas-Inselen a Franséisch-Polynesien geseegelt. No Tahiti an Neikaledonien wollt en eigentlech nach Statiounen an Neiséiland an Australien usteieren, huet dat awer wéinst der Corona-Pandemie mussen ofsoen.

Dowéinst ass e bannent 77 Deeg vun Neikaledonien weider op d'Insel La Réunion geseegelt. Eng grouss Erausfuerderung waren dobäi seng Reserven un Iessen a Waasser. All Kéiers wann en an engem Hafen en Tëschestopp gemaach huet, huet en d'Boot voll mat Waasserkanistere gefëllt, wouduerch e bal keng Plaz méi hat, sech iwwerhaapt nach enzwousch hinzeleeën.