D'Schivakanze kéinte vill méi deier ginn

© AFP/Archives/JEFF PACHOUD
Déi éisträichesch Hotelsvereenegung rechent domadder, datt et zu enger Präishausse vu bis zu 15 Prozent komme kéint.
Déi éisträichesch Hotelsvereenegung geet dovunner aus, datt alles am Wantersport méi deier wäert ginn. Dat mellt den éisträischeche Rundfunk ORF. Vum Schipass iwwert den Openthalt bis hin zum Iessen am Restaurant. D'Präisser wäerte Schätzungen no ëm ronn 15 Prozent an d'Luucht goen. Dëst géif virun allem mat der explosiounsaarteger Hausse vun de Pëtrols- a Stroumpräisser zesummenhänken. Dem Erich Egger, dem Spriecher vun de Salzburger Seelbunnen no, géif ee ronn 60 Prozent méi fir de Pëtrol bezuelen, ewéi nach am leschte Wanter. Et kéint een dowéinst och nach net soen, wéi vill d'Schipäss elo kaschte géifen, well een nach net wéisst, wéi sech d'Situatioun entwéckele géif, esou den Egger am Gespréich mam ORF.
Och d'Hoteller mat engem grousse Wellness-Beräich rechnen domadder, hir Präisser ferm an d'Luucht dreiwen ze missen. Allerdéngs fäert een, datt esou d'Clienten ausbleiwe kéinten. Faillitte wieren déi logesch Suite. An der éisträichescher Hotelsvereenegung géing een hoffen, datt déi éisträichesch Regierung den Hoteliere mat finanzieller Ënnerstëtzung ënnert d'Äerm gräife wäert.
An der Schwäiz, esou mellt den SRF, denkt een esouguer doriwwer no, e puer Schilifter a Seelbunne guer net fir de Wantersport opzemaachen. Doriwwer eraus sollen an der Schwäiz dëse Wanter och keng Schnéikanounen an den Asaz kommen. D'Leit an den Alpe si vun dëse méiglechen Decisioune vun der Schwäizer Regierung allerdéngs net iwwerzeegt. Si wieren, esou den Urs Keller am Interview mam SRF, Direkter vum Schigebitt Hoch-Ybrig, fatal fir de Schwäizer Tourismussecteur.
An de Schigebitter géif een no zwee Joer Pandemie deemno weider ongewëss an Zukunft blécken.