Virun allem d'Champignonen am Süde vun Däitschland sinn dovu betraff, mellt d'Bundesamt fir Straleschutz per Communiqué.

Esou sinn déi wëll Champignonen, déi an der Géigend vum bayresche Bësch, der Alperegioun am sougenannten Donaumoos südwestlech vun Ingolstadt wuessen, staark radioaktiv belaascht. Verschidden Zorten, déi ënnersicht goufen, haten e Wäert vu 4000 Becquerel Cäsium-137 pro Kilogramm. Wann een esou Champignone reegelméisseg zou sech huele géif, da kéint et sinn, datt de Kierper Schied dovundroe kéint, heescht et aus dem Schreiwes vum Bundesamt.

Dowéinst soll een an dëse Regioune keng wëll Champignone plécke goen. Fir Champignonen, déi op de Marché kommen, wier iwwerdeems e Grenzwäert vu 600 Becquerel Cäsium-137 pro Kilogramm erlaabt.

Follgend Zorte sollt een dem Bundesamt no net konsuméieren, wa se aus den uewe genannte Regioune kommen: De Semmelstoppelpilz, de rotbrauner Semmelstoppelpilz, déi verschidde Schneckling-Aarten, de gelbstieliger Trompetenpfifferling, de Maronenröhrling souwéi den Ockertäubling.