E leschte Wonsch hunn, mä am héijen Alter net méi an der Lag sinn, fir sech dësen z'erfëllen. D'ASBL "Wonschkutsch", bekëmmert sech genee ëm dës Leit.

Hutt Dir Iech schonn eng Kéier gefrot, wat Dir nach eng Kéier wéilt maachen, ier Dir fir ëmmer Är Aen zoumaacht? Nach eemol d'Mier gesinn oder nach eemol Heem an de Gaart fueren? Bei der Hochzäit vun der Enkelin dobäi sinn oder nach eemol op ee Concert goen? All Wonsch ass wëllkomm bei der Wonschkutsch ASBL. Si probéieren dëse Wonsch an Erfëllung ze bréngen an dat, fir egal wéi een Alter.

Wann et bis souwäit ass, ass een dacks leider net méi an der Verfassung fir wäit ze reesen an et verbréngt ee seng Deeg am Spidol oder am Bett doheem. Wat awer, wann et mat Hëllef vun enger Ambulanz an engem Team aus Benevollen, Iech nach eemol erméiglecht gëtt, e besseren Dag ze verbréngen? Een Dag ouni Suergen an ouni u Muer mussen ze denken. D'Wonschkutsch ASBL mécht dat méiglech an iwwerhëlt och déi ganz Käschte vu sou enger Faart.

Ëm déi 50 Benevolle schaffe bei hinnen. Déi meescht sinn nach, oder waren ëmmer am Beräich vun der "Protection civile" oder der Santé agestallt. Mee och ouni Background ass ee bei der ASBL ëmmer wëllkomm. Dat eenzegt, wat ee brauch, ass en Éischt-Hëllef-Cours. Finanzéieren, deet d'Wonschkutsch ASBL sech mat Hëllef vu Spenden.

Mir duerften een Dag bei sou enger ganz spezieller Faart dobäi sinn an hunn d'Leit hannendru kennegeléiert, déi sech Zäit huelen, fir anere Leit nach eemol e flotten Ament ze schenken.

Nowuert: Entretemps ass d'Liliane Kroeber-Kremer leider verstuerwen. Mir drécken der ganzer Famill eist déifst Bäileed aus a wënschen hinne vill Courage.