
© AFP
Eppes iwwer 6,6 Millioune Wunnengen an 220 Länner a Staate bitt Airbnb den Ament un, souvill wéi nach ni virdrun.
2022 wier en Nettoresultat vu Plus 1,7 Milliarden Euro generéiert ginn, heescht et vun der Plattform, déi Vakanzewunnengen an Iwwernuechtungsméiglechkeeten ubitt. 2021 war et nach eng Perte vu bal 350 Milliounen.
Weltwäit wier eng kloer Tendenz ze spiere gewiescht, dass d’Loscht nom Reesen no der Coronazäit nees ganz staark zougeholl hätt, heescht et vum Betrib mat Sëtz zu San Francisco. Grad déi lescht dräi Méint vum Joer hätt een eng ganz staark Hausse gespuert. D'Entreprise gëtt et zanter August 2008 a weltwäit schaffe knapp 5.600 Leit fir Airbnb. Wärend der Coronakris ass et dem Vakanzenhausubbidder awer net gutt gaangen. Mëtt 2020 huet ee eng 1.900 Leit misste wéinst de schlechte Verkafszuelen entloossen.