De 4. Juni verwandele sech d'Champs-Elysées an e Klassenzëmmer

© AFP Archivbild
Fir en neie Rekord opzestellen, gëtt uganks Juni déi wuel bekanntste Strooss zu Paräis gespaart a verwandelt Klassenzëmmer ënner fräiem Himmel.
Deemno sinn de 4. Juni op de Champs-Elysées net déi gewinnten Tonnen Autoen ze gesinn, ma Schoulbänken an e groussen Ecran als Tafel. Op där Tafel gëtt deen Ament e franséischen Text diktéiert. Bis zu 1.700 Mënsche kënne sech umellen. "D'Avenue wäert e besonnesche Moment erliewen: dat Diktat, mat de meeschte Participanten iwwerhaapt", sou d'Organisateuren e Mëttwoch.
Umelle kann ee sech gratis an dat scho vun 10 Joer un. Deemno wéi vill Leit sech mellen, ginn d'Schoulbänken ausgeloust. Präisser, wann ee feelerfräi aus der Dictée ervirgeet, goufe bis ewell keng annoncéiert, ma d'Texter solle vu bekannte Perséinlechkeete virgedroe ginn.
A franséische Schoulen huet d'Dictée nach ëmmer en héije Stellewäert a gi reegelméisseg an ëffentleche Concoursen organiséiert. Enn Mäerz zum Beispill hu 600 Schülerinnen a Schüler zu Paräis un der grousser Dictée vun der Francophonie matgemaach. Och dem Premier Emmanuel Macron seng Fra besicht reegelméisseg Schoulen an diktéiert do Texter. D'Brigitte Macron war fréier selwer Léierin.
Paräis ass donieft beméit, den Image vun der Champs-Elysées opzebesseren. An der touristescher Shopping-Strooss sinn nieft Luxus-Butteker och vill Fastfood-Restauranten ze fannen, ma et ass den Trafic, deen do negativ opfält. Dacks ass do Stau, et ginn Accidenter a Foussgänger mussen hir Aen ophalen. Eenzeg Ausnam ass den éischte Sonndeg am Mount, wann d'Champs-Eylsées autofräi Zon sinn.