
Wéi et vun der finnescher Bunn heescht, hätt et 3 Stonne gedauert an 3.500 Euro kascht, fir de Graffiti vun der Mauer vum Tunnel erofzekréien. D’Police ermëttelt elo wéinst Saachbeschiedegung an dem Ophale vum Zuchverkéier.
Den Arhinmäki, deen zu Helsinki fir d’Ressorte Kultur a Fräizäit responsabel ass, huet sech antëscht op de soziale Medie fir den Tëschefall entschëllegt. Wéi hien op Facebook schreift, wier et domm vun him a sengem Kolleeg gewiescht un d’Mauer vum Tunnel ze sprayen. Hien hätt sech vun der Iddi verféiere gelooss, dass et erlaabt wier dat ze maachen, well schonn aner Graffitien op der Mauer waren an ee vu baussen net an den Tunnel erakucke kann. Et wier eng domm Aktioun gewiescht. Virun allem well et Mauere géif, op déi ee legal sprayen dierft.
De Buergermeeschter vun Helsinki Juhana Vartiainen sot géigeniwwer der Noriichtenagence AFP, dass säi Stellvertrieder sech dem Eescht vun der Situatioun bewosst wier.
Géigeniwwer de finnesche Medie sot den Arhinmäki, dass hien net mengt, dass säi Feeler esou schlëmm wier, dass hien demissionéiere misst. De 46 Joer ale lénke Politiker war vun 2011 bis 2014 finnesche Minister fir Sport a Kultur.