
Wéi et schéngt, sinn d’Radaren an der Belsch net homologéiert fir Vitessen iwwert 250-300 km/h z’enregistréieren. D’Vitess vum Auto wier an deem Fall also just eng Schätzung an domadder kéint och d’Infraktioun net kloer definéiert ginn. Domadder kéint den Automobilist souguer nach besser ewechkommen, wéi e Chauffeur, dee just liicht iwwert der Limit geleeën hätt.
Eng Expertise huet dann erginn, dass de Bugatti ronn 1,5 Kilometer géif brauchen, fir bei bal 400 Stonnekilometer un d’Stoen ze kommen.