D'chineesesch Mauer ass net nëmmen eent vun de bekanntsten UNESCO-Weltkulturierwen, mä och ee Sënnbild vu China.

Dat schéngt zwee Chantiersaarbechter awer net grouss gestéiert ze hunn, wou si mat hirem Bagger ënnerwee waren.

Wéi et vu lokalen Autoritéiten heescht, hätten een 38 Joer ale Mann an eng 55 Joer al Fra en Deel vun der Mauer am Norde schwéier beschiedegt. Si ware wéinst engem Chantier op der Plaz a solle mat hirem Bagger ee schonn existéierenden Huelraum méi grouss gemaach hunn, fir mam Bagger duerch d'Lach an der Mauer kommen ze kënnen. Esou wollte si méi séier bei engem anere Chantier ganz an der Géigend sinn.

Mat hirer "Ofkierzung" solle si der Police no "irreversibele Schued" un dem Kulturdenkmal gemaach hunn. De Fall soll den Autoritéite schonn de 24. August gemellt gi sinn.

Déi chineesesch Mauer gouf an der Ming-Dynastie (1368-1644) gebaut an ass eng 21.196 Kilometer laang. Si war opgeriicht ginn, fir d'Bevëlkerung virun Nomaden aus dem Norden ze schützen, déi reegelméisseg Dierfer iwwerfall hunn. Déi waren deemools glécklecherweis awer nach net mat Baggeren ënnerwee.