WeltraumfuerschungIndien plangt eng eege Raumstatioun an eng bemannt Moundmissioun

RTL Lëtzebuerg
Déi indesch Pläng, wat d'Weltraumfuerschung ugeet, si fir d'Zukunft ganz ambitionéiert.
De Start vun enger indescher Rakéit.
De Start vun enger indescher Rakéit.
© AFP (Archiv)

Dem Premierminister Narendra Modi no plangt Indien, eng bemannt Moundmissioun an eng eege Raumstatioun. D’Ziler wieren den Aussoe vum Premier no “éiergäizeg”. Bis 2035 wëll d’Land eng indesch Raumstatioun fäerdeg hunn a bis 2040 sollen indesch Astronauten op de Mound fléien.

Un déi indesch Autoritéit fir d’Weltraumfuerschung war et den Opruff, datt ee Pläng fir eng ganz Rei u Moundmissioune soll entwéckelen.

Back to Top
CIM LOGO