D'Implantat gouf eigentlech entwéckelt, fir Queeschschnëttsgeläämten d'Goen ze erméiglechen. Kann et Parkinson-Patienten nach besser hëllefen?

De Marc krut am Alter vu 36 Joer d'Diagnos Parkinson. Den haut 62 Joer alen Architekt lieft zu Bordeaux a Frankräich, ass bestuet an huet zwee Kanner. "Ee Kand gouf eréischt no der Diagnos gebuer. Mäi Liewe war also nach net eriwwer. (...) Ech war esouguer eng Kéier Buergermeeschter", erzielt hien.

Virun e puer Joer huet hien allerdéngs seng Aarbecht missen opginn a konnt d'Haus bal net méi verloossen. "Ech sinn eleng bal net méi opkomm, si fënnef bis sechs Mol den Dag gefall." Zanter zwee Joer kann hien elo nees eleng ënnerwee sinn an esouguer Trape goen. Dat deele Fuerscher um Méindeg mat.

Seng "nei Gebuert", wéi hien et nennt, verdankt hien enger dënner Folie mat insgesamt sechs Elektroden an engem medezineschen Team vu Lausanne. De Marc ass domat deen éischte Parkinson-Patient weltwäit, deen esou eng Prothees agesat krut.

Déi implantéiert Elektrode stimuléieren d'Nerven, déi vum Réckemuerch an d'Beemuskele ginn. Esou erhalen dës Signaler, déi se wéinst der Parkinson-Erkrankung net méi richteg kréien, well se a spezielle Regiounen am Gehier lues a lues ofstierwen.

Moies nom Erwäche mécht de Marc seng Neuroprothees un, dermat d'Elektroden den Dag iwwer Signaler kënnen ofginn. "Et fillt sech un, wéi wann et am Been e bësse kribbele géing", beschreift hien et. Wann de Marc méi laang setzt, mécht hien d'Implantat nees aus.

Seng Stabilitéit am Stoe gouf verbessert, d'Beweegunge si méi flësseg a méi sécher. "Ech falen net méi. Meng Fra léisst mech elo ganz berouegt eleng aus dem Haus goen."

Wann hien Trape goe wëll, muss hie sech speziell Sensoren op déi zwee Uewerschenkele pechen. Dës moossen déi genau Positioun vu senge Been a ginn d'Informatioun weider un d'Elektroden am Réckemuerch.

Weider Etuden néideg

Et ass net sécher, dass all Parkinson-Patient änlech vun den implantéierten Elektrode profitéiere kéint wéi de Marc. De Verlaf vun der Erkrankung ass ënnerschiddlech. Fir wien d'Implantat wierklech nëtzlech ka sinn, dat mussen nach weider Etude weisen.

Viru Kuerzem hätt een zweete Parkinson-Patient d'Folie mat den Elektroden agesat kritt. An deenen nächste sechs Joer ass den Agrëff bei nach sechs weidere Persoune virgesinn. Si all befanne sech an enger wäit fortgeschrattener Phas vun der Erkrankung an hu staark Problemer beim Goen.