Op enger Spillplaz op der Stroossbuerger Plaz gouf e Freideg eng Expo iwwer d'Kannerrechter ageweit. Mat dobäi war eisen RTL-Kannerreporter Ivan Caramuta.

All Joer gëtt den 20. November den internationalen Dag vun de Kannerrechter gefeiert. Op dësem Dag gouf am Joer 1989 nämlech déi international Kannerrechtskonventioun ënnerschriwwen, an där d'Rechter vun de Kanner festgehale sinn.

Op dës Rechter mécht zënter dem 17. November d'Ausstellung "All Kand huet Rechter!" op der Stroossbuerger Plaz an der Stad Lëtzebuerg opmierksam. Eisen RTL-Kannerreporter Ivan Caramuta war op der Plaz an huet nogefrot, a wéi wäit d'Rechter vun de Kanner weltwäit an hei am Land agehale ginn.

"Kanner ginn dacks nach als Bierger vun zweeter Klass behandelt. Mir soen zwar, dass mer an hinnen d'Zukunft gesinn, mä dacks lauschtere mer hinnen net immens vill no. Mä och si hunn d'Recht op eng Meenung an dat ass eppes, op dat mir hei zu Lëtzebuerg immens vill Wäert leeën, datt d'Kanner am Alldag participéiere kënnen", seet de Paul Heber vun UNICEF Lëtzebuerg.

"Et ass wichteg, dass mir als Erwuessener ëmmer erëm drop hiweisen, datt déi Kannerrechter do sinn. An nach vill méi wichteg ass et, dass mer se och liewen. An dowéinst versiche mer op engem Dag, wéi dem Weltkannerdag, och wierklech dorop opmierksam ze maachen."

A Presenz vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer gouf d'Ausstellung ageweit. An natierlech huet den Ivan et sech net huele gelooss, fir och si virun de Mikro ze huelen.

"Fir op d'Kannerrechter hinzeweisen (...), hu mer gemengt eng Spillplaz wier eng gutt Plaz, datt d'Kanner sech kënnen ukucken, wéi vill Rechter si am Fong hunn. (...), mä et ass och gutt, datt d'Elteren et gesinn. D'Eltere sinn déi, déi mussen dofir suergen, datt de Kanner hir Rechter wierklech och respektéiert ginn", esou d'Lydie Polfer.

Op zéng Panneaue ginn ënnerschiddlech Kannerrechter erkläert. Dozou zielt d'Meenungsfräiheet, de Schutz viru Gewalt a Vernoléissegung, d'Recht op Rou a Spill an d'Verantwortung vun den Elteren oder gesetzleche Representanten. D'Ausstellung ass nach bis Enn Januar ze gesinn.