40 Prozent méi wéi zejoert
Eng staark Äppel-Recolte 2025
40 Prozent méi wéi zejoert
Eng staark Äppel-Recolte 2025
D'Äppel-Produzenten zu Lëtzebuerg kënnen dëst Joer zefridde sinn. D'Recolte ass däitlech méi grouss ausgefall wéi 2024.
No Zuele vum Verband vun den Uebst- a Wënzerbetriber goufe ronn 4.500 Tonnen Äppel recoltéiert, dat sinn iwwer 40 Prozent méi wéi d’lescht Joer. Grond dofir waren déi favorabel Wiederkonditiounen – vill Sonn am Summer an net ze vill Frascht am Fréijoer.
D’Produzenten erwaarde sech, niewent enger héijer Nofro fir Cider an Äppeljus, och eng grouss Nofro vun den Äppel Chips, déi ëmmer méi beléift ginn zu Lëtzebuerg an elo fir Chrëschtdag nach verfeinert ginn. Mir ware bei e Bauer op Kielen, deen eis verréit wat alles mat sengen Äppel geschitt, nodeems se gepléckt goufen.

©
Philippe Dondelinger

©
Philippe Dondelinger

©
Philippe Dondelinger



Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies