Den 29. Oktober ass all Joer den internationalen Dag vum Hiereschlag, dee vun der World Stroke Organization (WSO) an d'Liewe geruff gouf.

Op dësem Dag sollen d'Mënsche fir d'Thema sensibiliséiert a mat Preventiounsmoossnamen opgekläert ginn. Den Hiereschlag ass nach ëmmer den heefegsten Ausléiser fir schwéier Behënnerungen am Erwuessenenalter an zielt och zu den heefegsten Doudesursaachen. Weltwäit kréien der WSO no all Joer knapp 12 Millioune Mënschen en Hiereschlag

Zu Lëtzebuerg kréien am Duerchschnëtt all Dag véier Leit e Schlag an dacks loosse se sech ze spéit hëllefen. Dofir setzt sech hei am Land d’Blëtz ASBL dofir an, d'Leit ze informéieren an och Betraffener ze ënnerstëtzen.

Zu engem Hiereschlag kënnt et, wann d'Gehier, oder en Deel dovun, net méi mat genuch Blutt versuergt gëtt. Well d'Geweebe vum Gehier dann net méi genuch Sauerstoff an Närstoffer ophuele kann, kënne séier vill Gehierzellen ofstierwen. Den Hiereschlag gëtt an deene meeschte Fäll duerch eng Usammlung vu Blutt an enger Arterie oder duerch Bluddungen am Gehier ausgeléist.

Facteuren, déi de Risk fir en Hiereschlag an d'Luucht dreiwen, sinn Iwwergewiicht, Diabetes, Fëmmen a Blutthéichdrock. Mat genuch Beweegung am Alldag, enger gesonder Ernierung a reegelméissege Kontrolle kann ee preventiv géint en Hiereschlag virgoen.

Weider Informatiounen iwwert den Hiereschlag mat Temoignagë vu betraffene Leit zu Lëtzebuerg fannt Dir um Site vun der Blëtz ASBL.