Zéngdausende Spectateuren hate sech e Sonndeg an der kambodschanescher Haaptstad Phnom Penh virum Palais versammelt. D'Waasserfest dauert bis en Dënschdeg.

Vum Bord vum Floss Tonle Sap aus konnt een de ronn 300 Booter mat de faarwege Paddelen nokucke wéi se ëm d'Wett geruddert sinn. D'Ekipp um Boot huet dobäi déi selwecht Faarf T-Shirten u wéi hir Paddelen. D'Draacheboot-Course ass den Héichpunkt vum Waasserfest, dat all Joer organiséiert gëtt. D'Fest war pandemiebedéngt awer lo dräi Joer laang net ofgehale ginn. Deemno war d'Begeeschterung ëmsou méi grouss. Nieft de ville Spectateuren hunn och de Kinnek Norodom Sihamoni, de Regierungschef Hun Manet a säi Papp Hun Sen souwéi weider héichrangeg Regierungsvertrieder nogekuckt.

No der Bootscourse geet d'Waasserfest awer nach weider an dauert bis en Dënschdeg, dat mat Concerten, Liichterketten an dekoréierte Booter mat Lanteren a Freedefeier. Mam Fest gëtt a Kambodscha all Joer d'Enn vun der Reenzäit gefeiert. Zu deem Zäitpunkt dréint d'Stréimung vum Floss Tonle Sap. Wärend der Reenzäit fléisst d'Waasser aus dem gréisste Floss Mekong zréck an den Tonle Sap. An den dréchene Méint vun November un, geet d'Waasser nees a Richtung Mekong.