E Geriicht huet 40 Dokumenter aus dem Prozess géint den Jeffrey Epstein verëffentlecht. Doranner beschëllegt eng Fra de Prënz Andrew.

Um Mëttwoch huet en US-Geriicht eng Partie Dokumenter aus dem Mëssbrauchprozess ëm den Jeffrey Ebstein verëffentlecht. Doranner ass eng Lëscht mat 170 Nimm, déi wärend dem Prozess gefall sinn. Och de Prënz Andrew daucht doran op.

An den Dokumenter soll dem People Magazine no och d'Ausso vum Johanna Sioberg stoen."Si hunn eis gesot, mir sollten eis op d'Kusch leeën. An esou hunn den Andrew an d'Virginia sech op d'Kusch gesat. Si hunn d'Popp op hire Schouss geluecht. An dunn hunn ech mech op dem Andrew säi Schouss gesat. Si hunn d'Hand vun der Popp geholl a se op dem Virginia seng Broscht geluecht an dunn huet den Andrew seng op meng geluecht."

Déi 42 Joer al Fra beschëllegt de Prënz Andrew, dass hien si 2001 am New Yorker Haus vum Jeffrey Ebstein un der Broscht ugepaakt soll hunn. D'Johanna Sioberg ass eent vu villen Affer vu Mëssbrauch vum verstuerwene Sexualtäter Jeffrey Epstein. Hir Ausso dozou hat si am Mee 2016 gemaach.
De Multimillionär Epstein soll jorelaang mannerjäreg Meedercher a jonk Fraen sexuell mëssbraucht an zur Prostitutioun ugestëft hunn. De gutt vernetzten Investmentbanker gouf am Juli 2019 festgeholl an am August dout a senger Zell am Prisong zu Manhattan fonnt.