E Rezept mat Video an Detailer iwwer den Ursprong

Traditionell solle Fraen um Bretzelsonndeg eng geschenkt kréien. Dëst Joer ass e Schaltjoer, da soll d'Fra hirem Partner eng Séiss Iwwerraschung maachen.
Wéi baken ech meng Bretzel selwer?
Mir ware beim Jean-Marie Neuberg an der Bäckerei. De President vun der Federatioun vum Liewensmëttel-Handwierk huet eis gewisen, wéi een seng eege Bretzel ka baken.

Am Video erkläert de Bäckermeeschter, wat ee mam Deeg muss maachen, fir eng Bretzel selwer ze maachen. Ët gëtt ënnert anerem erkläert wéi een déi verschidde Schichten hikritt. E bësse Gedold brauch een, well een den Deeg insgesamt e puer mol zréck an de Frigo leeë muss, dass de Botter an den Deeg nees déi nämmlecht Temperatur kréien.
Duerno muss den Deeg ausgerullt an a gläich grouss Stécker geschnidde ginn. Da kann een eng Fëllung dra maachen.
Dat schwieregst ass um Ënn de Knuet richteg hin ze kréien.
Wann een seng Bretzel fäerdeg geformt huet soll een se e bëssen op Roue loossen, mat engem Duch bedecken an op enger Plaz wou et méi waarm ass.
Dekoréiere kann een seng Bretzel jee no Wonsch a Laun.
Bretzelsonndeg ass e wichtegen Dag fir d'Bäckeren
Een Handwierk, dat d'KI, also déi kënschtlech Intelligenz, net wäert ersetzen. De Secteur kënnt awer net laanscht en Ëmdenken a Saachen Digitalisatioun. Aktuell hunn d’Bäckeren awer aner Suergen, ewéi an nei Technologien z’investéieren. Besonnesch klenge Betriber maachen d’Indextranchen, de Kafkraaftverloscht vun de Clienten an souguer och d’Baukris ze schafen.
Vu wou kënnt d'Traditioun?
D'Bretzel kënnt vun der Musel, wéi den Alain Atten op RTL erkläert huet.
D'Haaptbretzelsmäert waren ëmmer zu Réimech, Gréiwemaacher, Waasserbëlleg an Iechternach. De Brauch war ëmmer deen, datt de Jong, dem Meedchen eng Bretzel kaaft huet. Gouf d'Léift zréck ginn, krut de Mann en Ouschteree geschenkt. Den Detail kann een am Alain Atten sengen Erklärungen nolauschteren.
De Bäcker Jean-Marie Neuberg erkläert sech d'Form vun der Bretzel esou: "Et ass eng Ëmaarmung déi een engem ka schenken, do muss een net onbedéngt an der Koppel sinn, fir engem aneren dëse Geste ze maachen."
Fir d'Bäckereien uechtert Land ass et e wichtege Rendez-vous an d'Nofro géif weisen, dass et eng al Lëtzebuerger Traditioun ass, déi nach dobausse gelieft gëtt.