Fir dëse Sonndesinterview huet eis Interviewpartnerin eis op eng ganz besonnesch Plaz matgeholl.

D'Kim Totaro ass déi eenzeg Mineralogin zu Lëtzebuerg, mat hir gi mir op Stolzebuerg an déi al Kofferminn.

Wéi d'Kim eis verréit, huet hir Begeeschterung fir Geologie a Mineralogie scho ganz fréi ugefaangen. Schonn als Kand huet si zesumme mat hirem Noper Steng gesammelt a probéiert, Geoden opzemaachen. All Steen, dee si deemools flott fonnt huet, ass dann och an dem Kim Totaro hir Täsch gewandert.

Wärend hirer Jugend ass den Interessi fir d'Geologie dunn awer tëschenzäitlech an den Hannergrond geréckelt. Ma wéi et un der Zäit war, sech fir e Studium ze decidéieren, huet d'Kim sech Gedanke gemaach, wou hiren Interessi da läit. Doropshin ass hir bewosst ginn, dass d'Äerd si schonn ëmmer interesséiert huet.

Well et zu Lëtzebuerg kee Studium an der Geologie gouf, ass d'Kim fir d'Etuden a Frankräich op Montpellier gaangen. Den éischte Cours an der Mineralogie sollt dann och e bleiwenden Androck hannerloossen, wéi si erzielt:

"Et war am Fong esou, dass ech mäin éischte Cours hat an der Mineralogie. Do krut ech da meng Mineralie virun d'Nues geluecht an do hunn ech net gegleeft, dass déi natierlech esou entstane sinn. an do ass eben den Interessi komm, dass ech sot: 'Wéi kann dat sinn, dass d'Äerd déi selwer forméiert, an dass déi Strukturen, déi sech formen, dass déi eben natierlech sinn?' Do sot ech: Dat ass dat, wat ech wëll studéieren.'"

D'Schéinheet vun de Mineralien géif d'Kim besonnesch faszinéieren. Deementspriechend huet si nom Bachelor zu Montpellier dann e Master an der Mineralogie zu Léck gemaach. Fir hir Masteraarbecht huet se sech iwweregens mat Mineralien, déi et op Madagaskar ginn, beschäftegt.

Nom Master ass d'Kim dann zeréck op Lëtzebuerg komm. Kuerz hätt si nach iwwerluecht, en Doktorat ze maachen. Ma dunn hätt si awer hir Dramaarbecht fonnt. Wéi si erkläert, hätt se mat hirer Aarbecht beim Naturmusée wierklech Chance gehat. Wéi si op der Sich no enger Aarbecht war, krut d'Kim Totaro déi eenzeg Plaz als Mineralogin, déi deen Ament hei am Land op war.

Dem Kim hir Aarbecht besteet haaptsächlech aus zwee Voleten. Engersäits ass et hir Aufgab, zesumme mat hiren Aarbechtskolleegen, d'Mineralie-Kollektioun vum Musée ze ënnerhalen. Deen zweeten Deel vun der Aarbecht ass dann d'Recherche. Dat wier dem Kim no och e grousse Plus vun hirer Aarbecht am Naturmusée. Et wier nämlech net an all Musée da Fall, dass Recherche ka gemaach ginn.

D'Recherche-Aarbecht geschitt dobäi esouwuel um Terrain wéi och am Labo. Fir hir aktuell Recherche schafft d'Kim zum Beispill mat enger Kollektioun vu Mineralien, déi de Musée 2020 aus Brasilien krut. Ma fir dës Opzestocken, ware si an hir Aarbechtskolleegen och ee Mount laang selwer a Brasilien a Minnen, fir do weider Prouwe vu Mineralien ze huelen. Och wann d'Aarbecht um Terrain wichteg ass, mécht dës awer éischter e kuerzen Deel vum Job aus. De Groussdeel vun der Aarbecht geschitt am Labo, wou d'Analyse gemaach ginn.

Ma an der Mineralogie geet et awer net nëmmen drëms, Prouwen ze sammelen an am Labo ze analyséieren. Wéi d'Kim erkläert géif engem d'Mineralogie eng Asiicht dora verschafen, wéi d'Äerd sech forméiert huet. Ma dës Wëssenschaft hëlleft eis awer och ze verstoen, wou sech zum Beispill déi sougenannte "rar Elementer" oflageren a wéi een dës aus der Äerd eraushuele kann. Domat steet d'Mineralogie a ville Beräicher um Ufank vun der Produktiounsketten. Sief et an der Elektronik, wou Lithium gebraucht gëtt oder an der Landwirtschaft, wou ee Phosphater brauch, fir Dünger ze produzéieren. Ma och an der Pharmakologie ginn Erkenntnisser aus der Mineralogie ugewannt. Hei gi Kristall-Strukture genotzt, fir besser ze verstoen, wéi Atomer sech zesummesetzen. Dat Wësse kann da bei der Produktioun vu Medikamenter genotzt ginn.

Wéi et zu Stolzebuerg an der Minn ausgesäit, wat dës Plaz esou interessant mécht a wéi dem Kim Totaro hir Aarbecht genee ausgesäit, gitt Dir am Reportage gewuer.