"Wat ech vill héieren, si Fraen, déi sech schummen, wa se Loscht hunn op Sex"

© Image Cottonbro via Pexels
Iwwer Sex schwätzt een net - dat ass och haut nach de gesellschaftleche Konsens. Ma d'Sexologin Laura Hendriks huet sech genee dat zum Beruff gemaach.
Ronn aacht Joer huet d'Laura Hendriks elo schonn hiren eegene Cabinet an der Stad. Do bitt si souwuel Eenzelpersoune wéi och Koppelen, déi Problemer mat hirer Sexualitéit hunn, verschidden Therapieméiglechkeeten un. An engem confidentielle Kader an ouni Angscht viru Jugement kënne Patienten hei iwwer alles schwätzen, vun der Impotenz, iwwer Libido bis hin zu simpele Kommunikatiounsproblemer.
Een Tabuthema war d'Sexualitéit fir d'Laura Hendriks nach ni. "Ech si grouss ginn an enger Famill, déi méi an deem medezinesche Milieu war, wou de Kierper net mat Schan verbonne war. Dat ass einfach e Kierper, dee funktionéiert, e Geescht, deen ze funktionéieren huet. Do ware ganz vill Saachen einfach keen Tabu." Fir d'Sexologin ass kloer: "Et kann een net gutt an deem Beräich schaffen, wann ee selwer verklemmt ass."

© Sarah Cames / RTL
Duerch d'Dier vun der Praxis komme Leit vun allem Alter, Geschlecht a Bezéiungsstatus. Ma d'Problemer änele sech dacks. "Normalerweis komme se fir sexuell Dysfunktioun. Dat ass keng Krankheet, mee dat heescht, d'Leit funktionéiere sexuell an der Relatioun net esou, wéi se sech dat wënschen."
Bei de Männer sinn dat klassescherweis Erektiouns- oder Ejakulatiounsproblemer, bei de Fraen ass et dacks Péng bei der Penetratioun. Béid Geschlechter kommen iwwerdeems och mat Problemer, een Orgasmus ze hunn, oder maache sech Suergen, ze vill oder ze mann Loscht op Sex ze hunn. Et kommen awer och Leit bei d'Laura Hendriks, déi sech hirer sexueller Orientéierung net sécher sinn, oder net wëssen, wéi se zu hirer Identitéit stoe sollen.
Wat ass eigentlech "normal"?
D'Gesellschaft hätt ee paradoxt Verhältnes zu der Sexualitéit, fënnt d'Laura Hendriks. Sex wier engersäits zwar tabu, ma anerersäits wier d'Gesellschaft och hypersexualiséiert. Et géif zwar vill iwwer déi schéinsten Niewesaach op der Welt geschwat a gelaacht ginn, ma iwwer tatsächlech Problemer géif ee sech mat sengem Ëmfeld éischter net austauschen. Esou kéim et dann och, datt vill Leit guer keng Referenzpunkten hätten, wéi een "normaalt" Sexualliewen iwwerhaapt ausgesäit.
"D'Leit menge meeschtens, si wiere komplett komesch. Wat ech vill héieren, si Fraen, déi sech schummen, wa se Loscht hunn op Sex. Si soe sech: 'Dat ass jo net normal. Firwat hunn ech méi Loscht, wéi hien?'" Tatsächlech géif et bei der Libido tëscht Mann a Fra - entgéint de gesellschaftleche Stereotyppen - awer guer kee groussen Ënnerscheed ginn.
"Am Fong ass wat se maache gesond, representativ fir dat, wat déi meeschte Leit maachen. Ma well se net driwwer schwätzen, wëssen si et net, an da vergläiche si et mat Glawenssätz, déi op näischt fondéiert sinn."
Als Basis fir d'"Norm" kuckt d'Sexologin sech un, wat glécklech Koppele maachen."Wa mer an der Realitéit kucken, wat Leit maachen, déi sech zefridde soen, déi hunn ee bis zwee mol d'Woch eppes mat enger physescher Intimitéit. Domadder, wéi dat soll ausgesinn, kann een awer spillen. Et muss net allkéiers de volle Programm sinn."
Wann et dann awer "de volle Programm" ass, da läit déi duerchschnëttlech Dauer vun der Penetratioun tëscht 5 an 8 Minutten. "Dat ass schonn net näischt. Ma et ass awer och bei Wäitem net esou laang wéi dat, wat d'Leit sech erwaarden, an dee Leeschtungsdrock, dee si sech maachen." Wat d'Masturbatioun ugeet, géifen d'Leit tëscht dräi bis fënnef Mol d'Woch en Orgasmus verspieren, egal ob eleng oder zu zwee.
Alles dat wier awer och elo net als Checklëscht ze verstoen. An och d'Virstellung, all Aspekt vu senger Sexualitéit mat sengem Partner deelen ze kënnen, wier dacks éischter Wonschdenken. "Mir kommen net mat eisem Spigelbild zesummen an do brauche mer e bëssen Toleranz", seet d'Laura Hendriks.
Ma och hir Patiente selwer wieren net ëmmer drun interesséiert, hir Fantasien zur Realitéit ze maachen. "Den Dräier ass den Top 1 vun de Fantasië vun de Leit, souwuel bei de Männer wéi bei de Fraen. Déi mannsten an enger Bezéiung wëllen dat awer ëmsetzen." Wat am eegene Kapp esou ureegend schéngt, kéint am richtege Liewe ganz reell negativ Konsequenze mat sech zéien. "Wann ech d'Bezéiung opmaachen, da sinn natierlech Risiken dobäi. D'Fantasie theoretesch ze halen, ka se gläichzäiteg och schützen."
Sex ass net alles
Ma och bei enger Sexologin dréit sech net alles just ëm Sex. D'Laura Hendriks hëlleft Koppelen och ausserhalb vun der Schlofkummer. "Ech soen de Leit ëmmer, si sollen ni ophale mat daten. Och wa se an enger Bezéiung sinn, ass et net schlecht, wann een awer eemol de Mount eppes matenee mécht. Egal, ob een elo Kanner huet oder net, oder vill schafft oder net." An och déi kleng Gesten - e Kuss hei, een Händchen halen do - géifen am Alldag ee groussen Ënnerscheed maachen.
Och Familljen hëlleft d'Laura Hendriks duerch schwéier Zäiten. "Déi Transitiounsphas vun enger Koppel op eng Famill, dat ass eppes, mat deem ech och ganz vill schaffen. Mir sinn zu zwee, mir ginn dräi. Mir si vill méi midd. Wéi fanne mir do en neien Equiliber?" Wa bis Kanner am Spill wieren, dann hätt een einfach keng onnëtz Reserve méi, fir iwwer Saachen ewech ze kucken. Problemer, déi et och virdru scho gouf, kéime bemol un d'Uewerfläch - dat kann awer och eng Chance fir d'Koppel sinn, esou d'Laura Hendriks.

© Caleb Oquendo via Pexels
"D'Relatioun an d'Sexualitéit freet eng enorm Maîtrise vu sengen Emotiounen, d'Erkenne vu sengen Emotiounen, d'Erkenne vu senge Grenzen, den Ausdrock dovunner an ze kucken, dass een dat duerchgezu kritt - egal wéi deen aneren interagéiert. Dat kléngt elo extreem einfach, mee dat ass enorm schwéier", esou d'Laura Hendriks.
Souguer wa Sex iergendwa keen Tabuthema méi wier an den Ëmgang domat méi oppe gi géif, géife gewësse Problematiken ëmmer bleiwen. Plaz fir Educatioun wier ëmmer, fënnt d'Sexologin. "Mathé ass jo och keen Tabuthema, mee et muss een de Leit et awer bäibréngen.
Méi zum Thema Sex a Léift fannt Dir hei an der Opklärungsserie bei eise Kolleege vun RTL Infos oder an eisem PISA vun der leschter Woch, an deem eng Sexualpedagogin, eng Linguistin an e Psycholog zum Thema zur Sprooch kommen.