Verschwanne Strëmp wierklech an der Wäschmaschinn?

Wien kennt et net. Et mécht een eng Wäsch an, hänkt se duerno op an hei - Et feelt eng Strëmp. En ongeléist Phänomen?
Natierlech kann een eng Strëmp gäre mol a sengem Doheem vertässelen. Virum Schlofe goen ausgedoe, kann eng Strëmp sech mol ënner d'Bett verlafen oder an der Bettdecke verluer goen. Mä och eng Strëmp an der Wäschmaschinn ze verléieren ass, keng Abildung. Strëmp kënnen tatsächlech an dësem Apparat verschwannen.
Mä wou si se hin?
Dat läit un der Dichtung vun der Wäschmaschinn. Dës soll eigentlech verhënneren, dass Waasser ausleeft. Ma gëtt d'Maschinn iwwerlueden oder d'Wäsch ze staark geschleidert, da kann eng Strëmp oder e Slip an der Dichtung hänke bleiwen a mécht do säi Wee duerch den Interieur vun der Wäschmaschinn. Hei bleift d'Kleedungsstéck dann iergendwou am Banneliewe vun der Maschinn leien a gëtt just fonnt, wann dës opgeschrauft gëtt.
D'Strëmp huet sech also net a Loft opgeléist, mee huet sech wärend der Wäsch just verlaf.
Wëll een dëst verhënneren, kann ee Strëmp an Ënnerwäsch zum Beispill an e Wäschesak paken.
_________________________________________________
An eisem neie Format "Hätt Dir dat gewosst?" beäntwere mir allméiglech Zort vu Froen, déi ëmmer rëm opkommen oder déi een sech einfach mol am Alldag stellt.
Dir huet eng Fro, da schéckt eis se hei eran.