Wäin, Béier oder mol eppes méi Staarkes. Alkohol ass e Genossmëttel, deen zu Lëtzebuerg vill consomméiert gëtt. Dat bréngt gären en décke Kapp mat sech.

Déi eng spieren den Dag drop schonn déi zwee Glieser Wäin vum Owend virdrun. Anerer si méi resistent a kréien den décke Kapp just, wann et d'Soirée wierklech laang war a méi wéi e puer Glieser gedronk gouf. Dann hänkt et fir verschiddener och nach dovun of, wéi een Alkohol si consomméiert hunn. Eppes ass awer sécher - den décke Kapp verfluchen déi meeschte Leit den Dag duerno.

Mee wisou kritt een vun ze vill Alkohol en décke Kapp a wat kann een dogéint maachen?

Wann een Alkohol drénkt, muss dëse vum Kierper ofgebaut ginn. Et geet ee méi dacks op d'Toilette an de Kierper verléiert vill Flëssegkeet, Mineralien an Elektrolytten. De Kierper ass also dehydratéiert. Donieft entsteet beim Ofbau vum Alkohol am Kierper de Stoff Acetaldehy. Dësen an d'Dehydratioun si fir den décke Kapp verantwortlech.

Mee wat hëlleft dogéint?

Wann de Kappwéi bis do ass, muss een op d'mannst e bëssen domat liewen. E Wonnermëttel gëtt et nämlech net, och wann een op e Medikament géint de Wéi zeréckgräift. Wat awer iwwert den Dag hëllefe kann, ass vill Waasser drénken an Iesse mat ville Mineralien zou sech huelen. Dozou gehéieren ënner anerem Friichten, Geméis a Mëllech.

A wat kann een am Virfeld maachen?
 
Natierlech ass dat Bescht fir de Kierper net esou vill Alkohol ze consomméieren. Wann een dann awer weess, dass et e méi laangen Owend mat méi Alkohol gëtt, kann een de Kierper souzesoen dorop virbereeden. Esou kann een am Virfeld eppes méi Fetteges iessen. Dëst féiert dozou, dass den Alkohol vum Mo méi lues an d'Blutt iwwergoen an een net esou séier voll gëtt.

Dës Weidere soll een no all Glas Alkohol ee Glas Waasser drénken an och virum Schlofe goen, soll een nach Waasser drénken. Dat verhënnert, dass de Kierper esou staark deshydratéiert an domat kann een esouguer de Kappwéi bis zu engem gewësse Grad verhënneren.

Oder et verzicht een op dat eent oder anert Glas an et erspuert ee sech e laangen verkaterten Dag.

____________________________________________________

An eisem neie Format "Hätt Dir dat gewosst?" beäntwere mir allméiglech Zort vu Froen, déi ëmmer rëm opkommen oder déi een sech einfach mol am Alldag stellt.

Dir huet eng Fro, da schéckt eis se hei eran.