Muss ech mech wierklech un en Oflafdatum halen?

Liewensmëttel hunn hire Präis. Iergerlech ass et dann, wann eppes am Frigo vergiess gëtt an an der Poubelle lant. Dobäi muss net alles direkt ewech.
De Mindesthaltbarkeetsdatum ass en Datum, deen een am Supermarché op ville Produite fënnt. Dëse soll eis eng Richtlinn ginn, wéi laang Produite sech halen a wéi laang een dës consomméiere kann.
Eng Partie Leit huelen déi puer Chifferen op der Verpackung heiansdo ze vill eescht. Et ass nämlech, wéi d'Wuert et scho seet, den Datum, bis deen de Produit mindestens haltbar ass an e bleift eng Richtlinn. De Produzent garantéiert domat, dass dëst Liewensmëttel bis e gewëssen Datum frësch ass. Dat heescht awer net, dass de Jughurt iwwer Nuecht schlecht gëtt, nëmme well dësen Datum elo iwwerschratt ass.
Opgepasst: Den Datum gëllt nëmme fir Artikelen, déi nach an der originaler Verpackung an zou sinn. Wann d'Mëllech bis op ass, sollt een dës bannent e puer Deeg verbrauchen, och wa se sech dem Datum no nach dräi Wochen hält.
Bei all Lëtzebuerger Awunner landen am Schnëtt pro Joer ronn 88,5 Kilo Liewensmëttel an der Poubelle, woubäi méi wéi 23 Kilo vermeidbar gewiescht wieren, wéi aus enger Etüd vun der Lëtzebuerger Ëmweltverwaltung vun 2019 ervirgeet. Dës Etüd seet awer net, wéi vill vun de Liewensmëttel, déi mir ewechgehäit hunn, nach hätte kënne consomméiert ginn.
Et steet awer fest, dass ëmmer erëm Liewensmëttel an d'Poubelle fléien, déi eigentlech nach gutt wieren. Eng ganz Partie Produite kann een nämlech och nach verwäerten, wann de Mindesthaltbarkeetsdatum ofgelaf ass. Hei sinn nëmmen e puer Beispiller.
- Jughurt: bis zu engem Mount nom Oflafdatum
- Eeër: bis zwou Wochen nom Oflafdatum
- Kaffi: ka sech nach Jorelaang halen
- Gebeess: Méint bis Joren nom Oflafdatum
- Zoossiss an Ham: e puer Deeg nom Oflafdatum
- Konservebéchsen: kënne sech nach Jorelaang halen
Allgemeng gëllt, dass ee sech d'Konsistenz, d'Ausgesinn an de Geroch vum Produit ukucken an un Hand dovu sollt jugéieren, ob een de Produit nach consomméiert oder net. Wa Schimmel drun ass oder de Produit staark richt,sollt een dësen net méi iessen.
Och Hygiènesproduite kënnen oflafen
Wat enger Partie Leit net bewosst ass, ass, dass een och op Hygiènesproduiten eng Aart Oflafdatum fënnt. Hei schwätzt een awer vu "Period after opening", also engem Zäitraum nodeems een de Produit opgemaach huet. Op der Verpackung gesäit een e klengt Symbol, wou meeschtens sechs Méint oder ee Joer dropsteet. Dat heescht dann, dass een de Produit bannent 6 Méint verbrauche soll, wann een d'Verpackung bis opgemaach huet.

Bei Produiten, déi een all Dag benotzt, wéi Zännpasta a Seef, ass dat heefeg keen Thema. Ma besonnesch bei Sonnecrème, déi iwwert de Wanter dacks stoe bleift, sollt een awer dorop oppassen.
_________________________________________________
An eisem neie Format "Hätt Dir dat gewosst?" beäntwere mir allméiglech Zort vu Froen, déi ëmmer rëm opkommen oder déi ee sech einfach Mol am Alldag stellt.
Dir huet eng Fro, da schéckt eis se hei eran.