Wéi geet Naturschutz richteg? Mat alle Gesetzer a Reegelen ass ee séier emol iwwerfuerdert. De SIAS hëlleft, en Iwwerbléck ze halen a Projeten ëmzesetzen.

Esou gutt wéi all Gemeng am Grand-Duché steet haut ënner enger Form vun Naturschutz. Sief dat ënnert dem Natura 2000, dem Naturpakt oder beim Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat SIAS.

Ma wat ass d’Aarbecht vun esou engem Syndikat? De SIAS, Syndicat intercommunal à vocation multiple, huet viru 50 Joer mat 4 Gemengen ugefaangen an ënnerstëtzt haut 21 Gemengen am Osten a Südoste bei der Ëmsetzung vun Ëmwelt- an Naturschutzmesuren. Esou haten d'Doris Bauer an den Nick Heiter vun der Biologescher Statioun um Sennengerbierg vill ze weisen, wéi si mir en Abléck an hir Aarbecht ginn hunn.
 
D'Biologesch Statioun um Site vum Fierschterzenter vun der Naturverwaltung plangt an entwéckelt zesumme mat hire Partner Konzepter a Mesuren an de Beräicher Naturschutz, Landschaftsschutz an extensiv Landwirtschaft.
 
Déi éischt Plaz, déi d’Doris an den Nick mir gewisen hunn, waren zwou Wise géigeniwwer vuneneen. Lénks eng wëll Wiss mat Blummen, déi scho liicht am Feldwee hänken. Riets eng frësch geméint Wiss, och hei derlaanscht eng Sträif Blummewiss, déi stoe gelooss gouf.

RTL

Kuckt keen dono oder ass dat esou gewollt?

Den Nick Heiter erkläert mir, datt d’Biologesch Statioun vum SIAS d’Gemengen an d’Proprietären net just beim Beplanzen an der Ënnerhalung vun hiren Terrainen, mä och beim Plangen, wéini wéi eng Plaze musse geméint, respektiv wéi eng Hecken a Beem kënne geschnidde ginn. 
 
Esou verwuesse Polykulture bidde gläichzäiteg e Liewensraum fir Planzen- wéi och fir Déierenaarten. Nieft Insekten an Déiere wéi Vullen, déi vun de Blummen ugezu ginn, bidde verwuesse Wisen tëscht landwirtschaftlech-genotzte Stécker e geschützte Wee fir Déiere wéi Huesen oder Feldhénger. Duerch Sträife vu Wise laanscht d’Stécker, déi stoe gelooss ginn, sollen d’Déiere sech beweege kënnen, ouni um oppene Feld vu Feinden entdeckt ze ginn. Och Hecken a Beem sinn immens wichteg, fir Déieren an Insekten unzezéien. Vill Leit stéiere sech awer dorun, wann eng Heck emol an de Wee wiisst. Den Nick Heiter erkläert, datt zwar reegelméisseg no den Hecke géing gekuckt ginn, ma fir datt nei Hecke Bléien droen a sech richteg entfale kënnen, dierften dës fréistens no 2 Joer geschnidde ginn. Esou kënnt et dann dozou, datt dës och emol am Wee hänke géingen. Grad bei Weeër, déi virun allem vu Bauere genotzt ginn, géing een de Planzen an Hecke méi Zäit ginn.

Gemengen trotz Naturschutz propper halen

Fir awer e Gläichgewiicht tëscht enger propperer Gemeng an dem Natur- an Ëmweltschutz z’erhalen, stellen d’SIAS-Mataarbechter och Pläng fir d’Gemengen op, wéini wou dierf geméint oder geschnidde ginn. Och beim Uleeën an dem Ënnerhalt vu Gréngflächen uechter d’Gemengen hëllefen d’Doris an den Nick. Ënnert anerem duerch d’Séie vu Blummewisen, der Beplanzung vu Beeter oder Hecken an dem Verzicht op verschidden Dünger kënne Gréngfläche wichteg Narungs- a Liewensraim fir vill Déiere wéi Beien oder Vullen unzéien. Och bei der Begréngung vun hire Gebaier an Terraine kënne sech d’Gemenge vum SIAS berode loossen.

De landwirtschaftleche Verloscht ausgläichen

An den 21 Partner-Gemenge stinn antëscht eng 143 Bauere mat am Ganzen 1.753 Hektar landwirtschaftlecher Fläch beim SIAS ënner Biodiversitéitsprogrammer. “D’Bauere kommen entweder bei eis, oder mir ginn op si duer”, erkläert d’Doris. Vill wieren uganks e bësse skeptesch, ma wa se bis gesi géingen, datt déi landwirtschaftlech Verloschter duerch d’Primmen ausgeglach ginn, wieren d’Bauere frou, datt se ënner d’Äerm gegraff kréichen. Esou e Kontrakt leeft iwwer eng Dauer vu 5 Joer. Dacks géingen d'Bauere fir d'éischt emol just ee Stéck ënner Vertrag ginn, fir ze kucken, wéi dat ofleeft, déi meescht géingen dann awer direkt fir e puer Felder e Biodiversitéitskontrakt ënnerschreiwen. Eng 1.963.000 Euro u Primme ginn haut un d'Baueren, déi beim SIAS ënnert Biodiversitéitskontrakter stinn. All Joer géingen nei Verträg ofgeschloss ginn.
 
Nieft der Hëllef beim Ëmsetze vun nationalen oder europäeschen Naturschutzgesetzer, bei deene vill Leit den Iwwerbléck verléieren, ënnerstëtzen d’Doris an den Nick d’Baueren oder d’Proprietäre vu Parzellen och dobäi Projeten z’entwéckelen an ëmzesetzen. Dorënner falen ënnert anerem d’Plangen, d’Beplanzen an den Erhalt vun de Stécker. Hei schafft de SIAS mat Organisatiounen an Initiativen zesumme wéi dem Forum pour l’emploi, der Adem oder Inter-Actions, déi Leit vermëttelen, déi bei der Aarbecht um Terrain hëllefen.

Natur- an Déiereschutz ginn Hand an Hand

Och d’Rette vun Déieren, déi vum Ausstierwe menacéiert sinn, fält ënnert den Aarteschutz. E Beispill, dass sech d’Beméiunge fir den Erhalt vun der Aartevillfalt rentéiert, ass de Steekauz. Schonn zanter 20 Joer setzt sech d’Biologesch Statioun fir de Schutz vun der Eilenaart an, déi nach an den 80er Joren a bal all Duerf am Guttland an am Éislek ze fanne war. Haut steet de Steekauz op der Rouder Lëscht vun de Vullen. Natierlech Feinde sinn ënnert anerem aner Gräifvigel an Déiere wéi de Wäschbier oder de Marder. Déi gréisst Menace ass awer de Mënsch, duerch deen d’Steekäiz u Liewensraum an Nahrung verléieren. 
 
Schutz an Naschtméiglechkeete fënnt de Steekauz nämlech zum Beispill an huele Beem. An dëse gesi vill Leit awer dacks keen Notzen, mä éischter eng Gefor. D’Aarbecht vum Doris a vum Nick ass et, dëse Beem eng zweet Chance ze ginn. Natierlech géing een de Risk miniméieren, andeems een Äscht kierzt, ma huel Beem eegne sech ideal, fir datt de Steekauz sech en Doheem dora baue kann. Donieft hänken d’Mataarbechter vun der Biologescher Statioun awer och sougenannt “Naschtréier” op. Eng 153 esou Réier oder Këschten hänken uechter d'SIAS-Gemengen. Datt d'Beméiunge sech lounen, gouf dës Woch bewisen. An engem Bongert zu Schëtter sinn dräi kleng Steekäiz op d'Welt komm.

D'Naschtréier kënnen awer net einfach iergendwou op e Bam gehaange ginn, wéi d’Doris erkläert. Am beschten eegne sech Beem, déi a Wise mat Polykulture stinn an an deene Véi wéi Kéi oder Schof sinn. D'Notzdéieren an d'Blummen zéien net just Insekten a Mais un, ma hëllefen och d'Wiss kleng ze halen. Ass dës nämlech ze héich, kënnt de Steekauz, deen um Buedem jot, net méi gutt un Nahrung erun. 
 
Donieft mussen awer och ëmmer erëm nei Beem geplanzt an Naschtréier opgehaange ginn. No der Gebuert bleiwen d'Steekäiz e gudde Mount bei den Elteren, éier se aus dem Nascht verdriwwe ginn. Och si brauchen dann eng Plaz, wou si en Nascht baue kënnen.

Kënnt d'Rettung fir d'Feldhong ze spéit?

En trauregt Beispill dofir, datt nach vill méi fir den Aarten- an Déiereschutz muss gemaach ginn, ass d'Feldhong. D'Biologesch Statioun beméit sech schonn zanter 2017, der Fasanenaart duerch d'Uleeë vu Polykulturen op Akerfelder an engem spéide Méien e bessere Liewensraum ze schafen. Ma wéi am Infoblatt vum SIAS vun 2023 ze liesen ass, hätt ee bis ewell keen erfollegräichen Nowuess vum Feldhong kënnen noweisen. Och der Doris Bauer hiren Ausbléck, wat d'Erhuele vum Bestand vun de Feldhénger ugeet, fält éischter pessimistesch aus. Zwar géing e Feldhong eng 20 Eeër d’Joer leeën, ma dovu géing et just d'Hallschent packen an déi leit ënnert dem Verloscht vum Liewensraum an dem Manktem un Nahrung. Och den Noutfallplang fir d'Feldhong, deen d'Regierung 2022 op Drock vun der EU-Kommissioun an d'Liewe geruff huet, wier wuel ze spéit komm.

D'Natur sech selwer iwwerloossen, géing dem Doris an dem Nick no haut net méi goen. De Mënsch huet d'Natur iwwer Jore geformt, dës hätt sech zwar deels ugepasst, ma fir eng grouss Aartevillfalt bräicht et en diverst Landschaftsbild - Akerbau, Wisen a Bëscher.

RTL

E Landschaftsbild, dat d'Doris an den Nick gäre gesinn: Nieft Akerfelder och Wise mat Blummen an dotëscht Hecken a Beem, déi Déieren e geschützte Wee bidden. / © RTL

Wien an enger vun de Partner-Gemengen e Stéck huet oder Berodung an Ënnerstëtzung beim Naturschutz doheem brauch, fënnt déi wichtegst Informatiounen um Site vum SIAS. Nieft dem Naturschutz setzt de SIAS sech och fir de Schutz vum Drénkwaasser an de Ressourcen an, souwéi dem Offfallmanagement an de Gemengen an dem Ëmsetze vu Klima- an Energieziler.