Lëtzebuerger Bauer weist Matgefill fir serbesche Camionschauffer

© Marc Elsen
E Méindeg den Owend géint 18.30 Auer ass de Chauffeur aus Serbien mat enger futtisser Kupplung mam Camion hänke bliwwen.
Iwwer 60 Stonnen, esou de Marc Elsen, e Bauer vun Amber, op deem sengem Haff de Camion stoung, konnt de Chauffeur aus Serbien net fort, houng souzesoen am Grand-Duché fest. A sech sollt hien dem Marc Elsen Maschinne fir säin Haff zu Amber ofliwweren an dann nees weider fueren, fir bei den nächste Client. Ma wéinst enger futtisser Kupplung ass dorausser näischt ginn, e Mecanicien huet missten hier.
Ma well d'Firma awer de Camion net vun engem Mecanicien aus Lëtzebuerg, mä vun engem vun hire Leit reparéiere loosse wollt, huet dat ganzt gedauert, dat bal 3 Deeg. De Bauer vun Amber huet hei awer Matgefill gewisen an dem Chauffeur sou gutt an dëser Zäit gehollef, wéi e konnt. Souguer Verfleegung gouf et um Haff vir de Mann aus Serbien.
Mëttwochs owes géint 23.30 Auer, also 2 Deeg méi spéit, war de Mecanicien-Service dann aus Serbien dann endlech ukomm an huet sech direkt un d'Aarbecht gemaach, fir d'Kupplung nees um Haff vum Marc Elsen ze reparéieren.
Méi wéi 6 Stonne méi spéit, nämlech géint 6 Auer moies, ass nees alles gelaf wéi et soll. Dono goung et dann endlech nees weider fir de Chauffeur, déi wéi gesot, nach bei e Client misst fueren. Léiwer spéit, wéi ni.