Akropolis bitt privat Visitte fir 5.000 Euro un

© Image Envato
Exklusivitéit huet hire Präis. Wie sech laang Waardeschlaangen zu Athen an der décker Hëtzt wëll erspueren, brauch just méi déif an d'Täsch ze gräifen.
D'Akropolis zu Athen erweidert hir Tourismus-Offer, awer just fir Leit, déi et sech leeschte kënnen. Vun elo u kann een nämlech privat Toure buche baussent den normalen Ëffnungszäiten. Dat Ganzt kascht allerdéngs e gutt Stéck méi: 5.000 Euro pro Visitt.
Op der Ticket-Websäit "Hellenic Heritage" kritt een zanter en Dënschdeg déi exklusiv Méiglechkeet, "dësen architektoneschen Ausdrock vum griichesche Geescht privat ze genéissen". Do ginn Touren ënner dem Numm "The Acropolis Experience" ugebueden an déi si wéi gesot net zu de regulären Auerzäiten a pro Reservatioun op maximal 5 Participante begrenzt. Gläichzäiteg ginn och just bis zu 4 privat Visitten organiséiert, allkéiers dënschdes, freides a samschdes, um 7 Auer oder um 20 Auer. Vum 13. Juli u kann ee esou eng Tour dann entweder mat Guide oder ouni buchen, vum 2. August si Visitten an e puer Sproochen disponibel. Zu deenen Auerzäite bleiwen engem dann och d'Waardeschlaangen an der décker Hëtzt erspuert.
Eng éischt esou eng privat Visitt an der anticker Anlag gouf dann effektiv och scho leschte Samschdeg gebucht. Eng russesch Koppel hat den néidege Portmonni fir dës Tour komplett mat privatem Guide no der offizieller Fermeture.
D'Akropolis ass eng vun den am meeschte besichten Touristenattraktiounen a Griichenland. 2023 gouf eng Rekordzuel vu bal 4 Millioune Visiteure gezielt. Dowéinst goufen och Zäitfënster-Ticketen agefouert. Normalerweis kascht en Ticket tëscht 20 an 30 Euro.