Metzler kreéiert eng schwaarz-rout-gold Wurscht
Fir vill Leit gehéiere Béier a Grillwurscht zu engem flotte Futtballowend. A sou muncher ee ka richteg dovu profitéieren, et brauch ee just d'Iddi.
Sou wéi ee Metzler an Däitschland.
Schwaarz, Rout, Gold – d’Faarwe vum däitsche Fändel an enger Wurscht: der "Deutschlandbratwurst". Esou huet de Metzler Claus Böbel seng Kreatioun gedeeft. Fir d’Futtball-EM, déi a senger Heemecht gespillt gëtt, wollt hien a seng Ekipp der Clientèle eppes Besonnesches bidden.
"Der erste Gedanke war, wie sie es alle machen, schwarz rot goldene Würste, also drei Würstchen. Da haben wir aber gesagt, das passt nicht zu uns, das ist nicht unser Stil. Es muss verrückter sein, ein bisschen individueller, die Stärke des Handwerks spiegeln. Dann kam irgendwann die Idee: komm, wir bringen alle drei Farben in eine Wurst."
Egal ob an der Pan preparéiert oder um Grill, am beschte schmaacht d’Deutschlandbratwurst am Bréitchen, fënnt de Claus Böbel. D’Ingrediente sinn natierlech anerer wéi an enger üblecher Wurscht. Véier Woche laang ass um Goût an un der Konsistenz getüftelt ginn. Haut produzéiert d’Ekipp tëscht 150 an 250 Deutschlandwürste den Dag.
Ma et ass net déi éischte Kéier, dass de Claus Böbel e gutt Geschäft mécht mat der Wurscht. Nieft senger Metzlerei, bedreift hien och een Hotel ronderëm dat Thema. Hie proposéiert souguer Wurscht-Wanderungen. Seng aktuell Iddi vun der Deutschlandbratwurst géif gutt ukommen, esou de Claus Böbel:
“Klar hat der eine oder andere den mittleren, linken oder rechten Teil als Favoriten. Aber in Summe ist für jeden etwas dabei."
Esou kann een dann op eng kulinaresch Manéier déi däitsch Futtballnationalekipp wärend der EM ënnerstëtzen.