Wann ee beim Schwamme widder d'Hoer vum Feierwuerm kënnt, verspiert een op der betraffener Plaz e Brennen. Dëst kann e puer Deeg unhalen.

Virun allem virun den Italieenesche Küste breet sech an de leschte Joren en ongebieden Gaascht ëmmer méi staark aus: de sougenannte Feierwuerm. Wien an der Vakanz an d'Mëttelmier schwamme geet, deet besser drun, de Kontakt mat deem zirka 30 Zentimeter laangen Déier ze evitéieren. Besonnesch wann een an d'Waasser erageet, sollt een oppassen.

Wann een de Feierwuerm un den Hoer, déi op der ieweschter Säit vu sengem Kierper sinn, beréiert, briechen dës nämlech of a bleiwen an der Haut hänken. Dat suergt als éischt fir Brennen a Krazen an duerno dofir, dass d'Haut op der betraffener Plaz daf gëtt. D'Symptomer kënnen e puer Deeg laang unhalen. An der Reegel besteet awer keng gesondheetlech Gefor.

An eenzele Fäll kéint et Experten no awer och zu enger allergescher Reaktioun kommen. An deem Fall kann et zu Iwwelzegkeet a Probleemer mam Kreeslaf kommen. Wann dat de Fall ass, sollt een en Dokter consultéieren.

Schold drun, dass de Feierwuerm sech am am Mëttelmier ausbreet, wier Mieresbiologen no d'Hausse vun de Waassertemperaturen.