Moulin Rouge zu Paräis krut nei Wandmillefligelen

© AFP
E puer Honnert Awunner an Touristen hate sech e Freideg virum Moulin Rouge zu Paräis versammelt, fir déi nei Wandmillefligelen um bekannte Gebai anzeweien.
Fir den Direkter vum Touristemagnéit an der franséischer Haaptstad, de Jean Victor Clerico, ass d'Millen "ouni hir Fligelen e Vide fir Paräis, et war einfach nëmmen traureg".
D'Fligelen un der rouder Wandmillen um Daach vum Moulin Rouge waren an der Nuecht op de 25. Abrëll zesumme mat den 3 éischte Buschtawe vun der Fassad erofgefall.
Zil vum Direkter war et, d'Fligele virum 15. Juli erëm um Gebai ze hunn, wann d'Olympesch Fakel laanscht déi bekannt Attraktioun zitt.
De Moulin Rouge gouf 1889 opgemaach an ass bis haut en Touristemagnéit, dee fir seng Cancan-Dänzerinne bekannt ass. All Owend ginn et zwou Virstellungen an de Cabaret zielt all Joer eng 600.000 Spectateuren. De 6. Oktober feiert de Moulin Rouge säin 135. Gebuertsdag.