Mat der Heat Sensation Kaart kritt ee ganz einfach déi Plazen am Land ugewisen, wou een eng fir sech selwer agreabel Temperatur fanne kann.

Och wann déi grouss Hëtzt an dësem Summer nach op sech waarde léisst, esou kënnt sécher nach esou munchen Hëtzt-Dag mat Temperaturen iwwer 30 Grad. Wouhi soll een da goen, wann et esou waarm ass? A virun allem ass "waarm" net direkt fir all Mënschen dat selwecht.

Bei der Heat Sensation Kaart kritt een déi killste Plazen am Grand-Duché ugewisen. Dacks awer spiere sech d'Temperature ganz anescht un, wéi dat, wat um Thermometer steet. Do spillt d'Loftfiichtegkeet eng grouss Roll ma och de Schweess op der eegener Haut kann am Idealfall fir eng Ofkillung suergen. Esou fillt jidderee waarm oder kal op seng eege Manéier.

Dofir kann ee bei der Heat Sensation Kaart uginn, bei wéi enger Temperatur ee sech wuelfillt. Zum engem kann een déi Temperatur astellen, déi een als agreabel empfënnt, zum aneren definéiert een den absolutten erdrobare Maximum. Op der Kaart kritt een da mat de Faarwe gréng (Confort) giel (nach akzeptabel) a rout (net ze recommandéieren) ugewisen, wou ee sech besser sollt oder net sollt ophalen.