Nodeems et an der dréchenster Wüüst op der Welt kuerz awer kräfteg gereent hat, sinn d'Blummen do nees zum Liewen erwächt.

Et ass en Naturphenomen, deen u sech réischt méi spéit am Joer ass. Ma dëst Joer schéngt d'Meteo iergendwéi iwwerall ze maachen, wat se wëll. De Phenomen kéint awer en Zesummenhang mam  El Niño oder La Niña hunn.

Op e puer Quadratkilometer gouf deemno e Blummenteppech ausgerullt an der Atacama-Wüüst am Norde vun Chile. An dat ongewéinlech fréi. Am Abrëll hat et gereent, 11 bis 12 Millimeter Reen a Kombinatioun mat décke Wolleken, an dat huet elo eben d'Planzen aktivéiert, huet de César Pizarro vum zoustännegen Amt.

Et handelt sech fir genee ze sinn, ëm e Wiederphenomen, deen esou eréischt vu September u virkënnt, ma sou fréi wéi dëst Joer war d'Wüüst am Chile fir d'lescht am Joer 2015 an der Bléi. Dowéinst sinn et dann och just 300 bis 400 Quadratkilometer an net wéi soss am September op enger Fläch vu ronn 15.000 Quadratkilometer. Op hirem Héichpunkt bléien an der Atacama-Wüüst iwwer 200 Planzenaarten. Elo gesäit een awer just mof Blumme vun der "Guanako-Planz", déi och sou gutt wéi kee Waasser brauch.

RTL

© AFP

Fuerscher hunn nach net erausfonnt, ob déi ongewéinlech Wanterbléi, déi fir d'lescht am chileenesche Wanter 2015 ze gesi war, mam direkter Klimawandel oder mam Phenomen El Niño oder La Niña zesummenhänke kéint.