Den 15. Juli fänkt hei zu Lëtzebuerg d'Summervakanz un. An aneren Länner ass se scho laang amgaang.

D’Summervakanz ass eng vun de meeschten erwaarten Zäite vum Joer fir d’Schüler an Europa. Si bitt eng wuelverdéngt Paus an d’Méiglechkeet, Zäit mat der Famill a Frënn ze verbréngen, ze reesen a sech z' erhuelen. D’Längt an den Zäitpunkt vun der Vakanz variéieren awer tëscht de verschidde Länner an Europa. Hei en Iwwerbléck iwwert d’Dauer vun de Summervakanzen a verschidde Länner vun der EU, baséierend op den Daten aus dem Bericht "The organisation of School Time in Europe- Primary and general  secondary education 2023-2024".

RTL

Zu Lëtzebuerg hunn d’Schüler aacht Woche Summervakanz a leien domat méi am ënneschten Deel vun der Grafik. Déi zwee Méint Summervakanz, déi Mëtt Juli ufänken a Mëtt September ophalen, erméiglechen ënner anerem och den Aarbechter um Bau am Kader vum Kollektivcongé zréck an d’Heemescht ze goen.

Et ass wichteg ze bemierken, datt d’Bildungssystemer och bannent eenzele Länner variéiere kënnen. Zum Beispill huet d’Belsch dräi Communautéiten: déi flamännesch, déi däitsch an déi franséisch, déi all hiren eegene Bildungsministère an aus dem Gronn och verschidde Kalennere fir d'Schoule hunn.

A Frankräich ass d’Schouljoer an dräi Zonen agedeelt, fir d’Vakanzenzäit ze staffelen an domat de Vakanzeverkéier ze reduzéieren. D’Schouljoer fänkt Ufank September un an hält Enn Juli op.

Bei eisen däitschen Nopere leet all Bundesland seng eegen Schoulzäite fest. D’Summervakanze variéieren also vu Bundesland zu Bundesland, fir de Verkéier ze verdeelen. An der Reegel dauert d'Vakanz an Däitschland sechs Wochen.

Am Süde vun Europa sinn d’Summerméint immens waarm mat Temperature bis zu 40 Grad Celsius. Ënner sou Bedéngungen ass et schwéier, aktiv Cours ze halen. Aus deem Grond erméiglecht déi laang Summervakanz, déi waarm Méint ze ëmgoen.

Déi nordesch Länner hunn eng ronn zéng Woche Vakanz, fir no deenen haarde Wanterméint och vum Summer kënnen ze profitéieren. Op hirem Aarbechtsmaart hunn all d’Employéë souguer d’Recht, véier Woche Vakanz um Stéck ze huelen. Vun deem Usproch mécht bal jiddereen, deen zum Beispill an Schweden schafft, gebrauch. Schonn Enn Juni ginn d’Büroe méi eidel. Vill Entreprisë stelle Studentinnen a Studenten an, fir de Betrib um lafen ze halen.

Och zu Lëtzebuerg profitéiere vill Schüler a Studenten, fir sech an der Summervakanz mat enger Aarbecht e puer Euro dobäi ze verdéngen.