Lëtzebuerger Streamer "Lets Hugo" hëlt u Survival-Reality-Show deel

Deem engen oder aneren dierft de Lets Hugo vun der Streaming-Plattform "Twitch" bekannt sinn. Elo mécht hie bei engem populären Internet-Format mat.
Rieds ass vun der Survival-Reality-Show "7 vs. Wild", déi am Hierscht, respektiv Wanter dëst Joer an hir 4. Staffel soll goen. D'Konzept ass simpel: Déi eenzel Kandidate gi mat wéineg Ausrëschtung iergendwou an der Natur ausgesat a musse wärend 14 Deeg (an der 1. an 2. Staffel 7) iwwerliewen. D'Plaz, wéi och déi genee Spillreegele variéiere vu Staffel zu Staffel. Sou goufen d'Kandidaten an der 1. Editioun vun der Show, déi uganks nach just op YouTube verëffentlecht gouf, a Schweden ausgesat. Déi 2. Staffel war op enger Insel am Süde vu Panama an déi 3. am kanadesche British Columbia.
Nieft dem Lets Hugo, deen am däitschsproochege Raum duerch seng Videoen a Streams ëmmer méi grouss Bekanntheet genéisst an iwwert dee mir am Februar e Reportage gemaach haten, hunn an der Vergaangenheet och scho Perséinlechkeete wéi den Joey Kelly, oder de Jens "Knossi" Knossalla u "7 vs. Wild" deelgeholl.
D'Plaz vun der 4. Staffel, wéi och déi genee Spillreegele sinn den Ament nach net bekannt, mä sollen an den nächste Videoe vum YouTube-Kanal matgedeelt ginn. Diffuséiert gëtt dat Ganzt op der Plattform "Amazon Freevee".