D'Neonatologie ass ee Beruff, an deem ee besonnesch vill Fangerspëtzegefill brauch - souwuel am wuertwiertlechen, wéi och am iwwerdroene Sënn.

Et ass eng Situatioun, an där kee sech gär géif erëmfannen: Et erwaart een e Kand, ma amplaz datt de Bëbee sech seng néng Méint Zäit léisst, annoncéiert sech d'Gebuert scho Wochen oder souguer Méint ze fréi.

Wat fir d'Elteren an d'Kand eng stresseg Ausnamesituatioun ass, ass den Neonatologen hiren Alldag. An trotzdeem bleift och no Joren am Beruff all Fall an all klenge Patient ganz speziell, seet eis d'Dr Christine Géron, Neonatologin am CHL, am Kader vun eisem Sonndesinterview.

Am Schnëtt gëtt sech an der Neonatologie-Statioun vum CHL ëm 22 bis 24 Puppelcher gekëmmert, déi gréisstendeels ze fréi op d'Welt koumen an dowéinst besonnesch vill medezinesch Opmierksamkeet brauchen. Op hirer Statioun weess een ni, wat den Dag wäert bréngen, an dat gefält der Dr Christine Géron. "Et si Patienten, déi een net erwaart, An deene meeschte Fäll kréie mir aus der Salle d'Accouchement vun eiser oder enger anerer Maternité ugeruff, fir eis ze soen: Dëse Bëbee ass op d'Welt komm an et geet net." Dat ass den Ament, an deem d'Dr Géron an hir Ekipp d'Rudder iwwerhuelen.

Am normale Verlaf vun enger Schwangerschaft gi Puppelcher no 40 Woche Gestatioun gebuer, ma am CHL ginn och Prematuréë versuergt, déi schonn an der 24. oder 25. Schwangerschaftswoch op d'Welt kommen. Si si méi empfindlech fir Keelt, hir Longe sinn nach net fäerdeg entwéckelt an och bei der Alimentatioun brauche si Hëllef.

Dës fragil Patiente bleiwen deementspriechend dann och dacks wochen- oder souguer méintlaang op der Statioun, well si d'Entwécklungsschrëtt, déi sech normalerweis nach an der Gebärmutter vun der Mamm ofgespillt hätten, elo ausserhalb vun dësem geschützte Raum mussen nohuelen. "En Deel vum Traitement vun de Prematuréen ass d'Zäit. E Bëbee soll no 40 Wochen op d'Welt kommen. Mir wäerten en net scho fënnef oder sechs Woche virun dësem Datum kënnen autonom maachen. Dat gesäit d'Natur esou net vir."

"Ech hu mech wuertwiertlech an d'Neonatologie verléift"

Dr Christine Géron mécht mat eis en Tour vun hirer Statioun, wou et fir ee Spidol opfälleg roueg an däischter ass. Ënnerwee komme mir un enge sëllege Couveuse laanscht, déi mat faarwegen Decken zougedeckt sinn. Si erkläert, datt ee probéiert, ze haart Geräischer an hell Luuchten ze evitéieren, fir de klenge Patienten en Ëmfeld ze bidden, dat méiglechst no un der Realitéit an der Gebärmutter ass. Prett steet och ëmmer eng Transport-Couveuse, déi op 35 Grad gehëtzt ass, fir ee klenge Puppelchen direkt no der Gebuert kënnen opzehuelen a waarm ze halen.

Och wann ee probéiert, Reiziwwerflutunge fir déi kleng Puppelcher ze evitéieren, ass et awer wichteg fir si, reegelméisseg de Kontakt zu der Aussewelt a virun allem och hiren Elteren ze spieren, erkläert d'Dr Christine Géron. "Mir encouragéieren den Haut-zu-Haut-Kontakt. En ass onheemlech wichteg fir de Puppelchen. Etüde weisen, datt Kanner, déi esou de Kontakt zu der Mamm erëmfannen - zum Geräisch vun hirer Ootmung, vun hirer Zirkulatioun, vun hirem Häerzschlag - datt dës familiär Geräischer de Puppelche rassuréieren a letztendlech och stabiliséieren."

Ma net just fir d'Frühchen ass dës Zäit essentiel. Och fir d'Elteren ass et ee wichtegen Deel dovun, eng Bezéiung zu hirem Kand opzebauen, esou d'Dr Géron. "Et baut een op méi eng natierlech Aart a Weis ee Lien zu engem Kand op, dat à terme gebuer gouf, wéi zu engem Kand, dat an enger Stresssituatioun gebuer gouf a wou een ëmmer d'Onsécherheet doriwwer huet, wat d'Zukunft bréngt. Och datt hire Puppelchen esou winzeg ass - fir eis ass dat alldeeglech, mä fir d'Elteren ass et ëmmer impressionant an et mécht hinnen Angscht." D'Beréierung géif déi frësch gebaken Elteren awer dacks berouegen. "Duerch de Kierperkontakt mierke se, datt et hiert Kand ass, an et gëtt reell fir si", erkläert d'Dr Christine Géron.

Datt d'Belsch, déi zu Namur, Bréissel a Lausanne studéiert huet, sech an der Neonatologie spezialiséiert huet, war u sech net geplangt. "Et ware ganz winzeg Bëbeeën, mat deenen een net wierklech kommunizéiere kann. Ech hunn dat um mënschlechen Niveau als net besonnesch interessant ugesinn."

D'Dr Géron hat u sech wëlles, Kannerdoktesch ze ginn, mat gereegelte Schaffzäiten a Patienten, déi hir genee soe kënnen, wou de Schong dréckt. Ma wou si dunn an engem vun hire Stagen an der Neonatologie geschafft huet, war et séier ëm si geschitt. "Iergendwéi sinn ech an der Neonatologie gelant an ech hu mech wuertwiertlech dra verléift. Zanterhier hunn ech net méi vill aneres gemaach."

Der Doktesch gefält besonnesch gutt, datt an hirem Beruff vill verschidde Fäegkeete gefrot sinn. Nieft spezialiséiertem Wëssen an engem gudden Ëmgang mat den Elteren ass d'Observatiounskraaft vum Dokter an der Neonatologie besonnesch wichteg, well déi kleng Patiente sech eben net mat Wierder matdeele kënnen. "Mat der Zäit ass mer bewosst ginn, datt dës Bëbeeën op eng aner Manéier kommunizéieren. Am Traitement mierkt een, datt verschidden Aktiounen a Geste bei den Neigebuerenen ee positiven oder negativen Effekt hunn an et adaptéiert ee sech doropshin."

"Mir hu Puppelcher, fir déi d'Liewen net laang gedauert huet"

Och wa Prematuréen haut scho vill besser Chancen hunn, wéi nach virun 20 Joer, ass net an all Fall garantéiert, datt d'Elteren hire Puppelchen iergendwa mat Heem huele wäerten. Dës Verloschter markéieren natierlech och d'Dokteren an Infirmièren, déi mat der Famill zesummegeschafft hunn.

"Mir hu Puppelcher, fir déi d'Liewen net laang gedauert huet. Anerer stierwe spéit, no wochelaanger Krankheet. Dës markéieren eis besonnesch, well mir all als Ekipp a mat den Eltere gekämpft hunn, se um Liewen ze halen. Mir probéieren, d'Hoffnung ze halen, well et ass eng Aarbecht, déi een net maache kann, ouni d'Hoffnung, datt d'Kanner et packe kënnen. Mä jo, mir hunn eng ganz Serie u Biller, Nimm, an Elteren, déi mir an eiser Erënnerung behalen."

Glécklecherweis ass statistesch gesinn d'Zuel vun de Kanner, déi schwéier Komplikatiounen entwéckelen oder esouguer stierwen, awer ganz kleng, erkläert d'Dr Géron. "D'Eltere mat engem Laache bis hannert d'Oueren ze gesinn, wa se mat hirem Kand kënnen Heem goen, deet gutt, well et weist eis, datt eis Aarbecht wierklech all déi Méi wäert ass."

Dr Christine Géron wënscht sech, datt sech an Zukunft méi jonk Doktere fir d'Neonatologie kënne begeeschteren. "Et ass ee Beruff mat enger grousser Mënschlechkeet. Mir si keng Roboter, mir si keng Mechaniker vis-à-vis vum Kand oder vun den Elteren. Et brauch een zwou gutt Hänn an eng gutt Dexteritéit, well ee mat ganz klenge Bëbeeën a Materialie schafft. D'Beweegunge mussen also prezis sinn. Ma et brauch een och een oppene Geescht, fir den ënnerschiddlechste Situatiounen ze begéinen."