WorldSkills zu Lyon offiziell lancéiert, 9 Lëtzebuerger Participante mat dobäi
Mat de WorldSkills steet nees déi gréisste Meeschterschaft vun de Beruffer vun der Welt virun der Dier.
Dës 47. Editioun, déi an der franséischer Stad Lyon organiséiert gëtt, ass wéi och déi lescht Editiounen e grousst Spektakel, dat Beruffer, d’Léieren, d’berufflech Orientéierung, d’Mateneen, awer och de Sports- a Kompetitiounsgeescht an de Mëttelpunkt stellt.
Mä éier mir no vir kucken, blécke mir kuerz zeréck op den Ufank vun dësem globale Mouvement. WorldSkills huet relativ kleng ugefaangen: nom 2. Weltkrich huet et an Europa dréngend u qualifizéierten Handwierker gefeelt. Relativ séier ass d’Iddi opkomm, fir dëse Beruffer an hiren Ausbildunge méi Opmierksamkeet zoukommen ze loossen. Sou koum et, datt am Joer 1950 de Spuenier Francisco Albert Vidal zu Madrid op eng éischt Meeschterschaft vun de Beruffer invitéiert huet – allerdéngs just jonk Spuenier a Portugisen. Schonn no e puer Joren hate sech och Däitschland, Frankräich, d’Vereenegt Kinnekräich an d’Schwäiz ugeschloss. Och eist Land huet et sech net huele gelooss, matzemëschen an ass 1957 offiziell Member vun der Associatioun ginn.
Duerno huet et sech rasant entwéckelt. Änlech wéi bei den Olympesche Spiller gouf och hei fir all Editioun eng nei Stad fonnt, déi dëst Spektakel sollt organiséieren. Fir d’éischt bannent Europa, mee och geschwënn an Asien an an Amerika.
De Prinzip ass dobäi à la base ëmmer dee selwechten: en Tandem aus jonkem Kandidat an erfuerenem Expert reest un, fir sech an hirem jeeweilege Beruff mat Leit aus anere Länner ze moossen. De Spektrum ass dobäi breetgefächert: vu méi traditionelle Beruffer wéi Kach, Schräiner oder Daachdecker bis hin zu Operateure vun industrielle Roboter a Spezialisten a Cybersécherheet ass villes ofgedeckt, wat um Aarbechtsmaart gesicht ass.
Zu Lyon trieden dëst Joer 1.400 Kandidate géinteneen un. Betreit gi si vun 1.300 Experten. Vertruede sinn am ganze 70 Länner oder Regioune vun de 5 Kontinenter an natierlech ass och Lëtzebuerg mat enger Delegatioun vertrueden, bestoend aus 9 Kandidaten, déi mir iwwert déi nächst 4 Deeg méi enk begleeden.
Vertrueden ass Lëtzebuerg an dëse Beruffer:
- Fligersmaintenance / Aircraft Maintenance : Raoul Roller
- Autosmechatronik / Automobile Technology : Pit Hansen
- Grafeschen Design / Graphic Design Technology : Regina Kostka
- Cybersecurity – Team Challenge : Rui Nogueira Caldas & Michel Reyter
- Web Technologies : Sébastien Fohr
- Hotelsreceptioun / Hotel Reception : Laurence Bley
- Metallkonstruktioun / Metal Construction Work : Tom Zeimetz
- Schräinerei / Joinery : Mathieu Klein
De Startschoss ass en Dënschdegowend gefall mat der Opening Ceremony an der LDLC Arena zu Lyon, dëst a Presenz vum Emmanuel Macron. De Präsident vun der franséischer Republik huet et sech net huele gelooss, allen Delegatioune "bonne chance" ze wënschen an de Concours offiziell opzemaachen.
E Mëttwochmoie geet dann de Concours richteg un. Bis e Samschdeg am Nomëtteg hunn eis jonk Kandidaten Zäit, e gréissere Projet ze realiséieren, fir dann um Sonndegowend gewuer ze ginn, ob si dierfen eng vun de Medaile mat heem huelen.