Wiesseljoren: Eng grouss Erausfuerderung fir eis Gesellschaft
Et ass en Thema, iwwer dat wéineg geschwat gëtt - ze grouss ass nach ëmmer d’Schimmt.
Am Reportage temoignéiert d'Diane Elsen, wéi si mat Mëtt 40 jorelaang vun Dokter zu Dokter gelaf ass, awer keen un déi hormonell Transitioun geduecht huet. Si krut keen adequat Traitement, ma ass ëmmer méi krank ginn.
"Eng gutt informéiert Fra kann déi richteg Entscheedung fir sech treffen(...), mee et muss méi opgekläert ginn", esou d'Diane Elsen.

© Violetta Caldarelli
E Constat, dee vill betraffe Fraen un eis erugedroen hunn. D’Menopause, dat ass an der Moyenne mat 51. Dës Phas steet virop als de Schluss vun der reproduktiver Zäit a gëllt vun deem Ament un, wann d’Period méi wéi e Joer konstant ausbleift. En Haaptfacteur ass den Östrogen-Spigel, deen da Mol méi, Mol manner rasant fält. Dëst léist dacks onangeneem Reaktiounen an deels gesondheetlech Risiken aus, iwwert déi vill Fraen a - wéi et schéngt - wuel och munch Dokteren net genuch Bescheed wëssen.
Den Östrogen schützt Fraen ënner anerem virun Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen, dat awer just bis d’Menopause. A ganz Europa sinn dëst och déi heefegsten Doudesursaache bei de Fraen. Duerch déi hormonell Verännerungen am Kierper klëmmt awer och de Risiko vun anere Krankheeten, wéi zum Beispill Diabetes, Osteoporos, Chronesch Blosenentzündungen, Autoimmunkrankheeten. Dofir ass et och wichteg, proaktiv un dës Liewensphas erunzegoen. Ëmmerhin hëlt eng Fra an der Menopause och tëscht 5 a 15 Kilo zou, ouni dat se un hiren Iessgewunnechten oder sportlecher Aktivitéit eppes geännert hätt. D’Preventioun fänkt schonn un, éiert d Menopause lassgeet.

© RTL-Grafik
Déi sougenannt Perimenopause ass déi éischt Iwwergangsphas an déi ka schonn 2 bis 8 Joer virun der Menopaue ufänken och mat ganz ënnerschiddleche Symptomer. Schweessausbréch zielen do geneesou dozou, wéi Migräne, Cystite, Schwindel, Insomnie oder Muskelen a Schanken, déi bemol wéi dinn.
75 Prozent vun de Fraen hu spéitstens an der Menopause éischt Niewewierkungen, dovun ee Véierel och schlëmmerer. Ma et gëtt haut villes, souwuel u Medikamenter wéi un alternativmedezinesche Soinen, dat hëllefe kann, d’Symptomer ofzeschwächen. En Deel Eegeverantwortung dréit de Patient och selwer fir "besser" a méi gesond al ze ginn.
"La vie ne s’écroule pas avec l’écroulement des hormones. Le monde change et du moment où le monde change on doit changer aussi", seet d'Dr. Crina Buicu, Gynekologin.
Deemools, wéi et lassgoung, wousst Diane sech laang kee Rot. Haut mat 57 Joer geet et hir gutt a si wëll elo aneren hëllefen, besser duerch des Liewensphas ze kommen. Wat dem Diane um Enn gehollef huet, wéi wichteg Sport an Ernierung sinn, firwat eng Hormontherapie a ville Fäll kann hëllefen, an dat et och eng Menopause beim Mann gëtt, d‘Andropause, gëtt am Reportage verdéift.