Floumäert sinn zanter jeehier beléift, egal ob traditionell organiséiert oder bei engem doheem. An och op Social Media si se ze fannen.

Et war rezent e Post op Facebook, an deem stoung, eng Privatpersoun géif hire Stock u Bicher, Placken, Postkaarten an nach vill méi verkafen. An dat wier elo net nëmmen eng Këscht voll, mä direkt eng ganz Scheier, an där sech iwwer Joerzéngten dat alles ugesammelt huet. Wou kommen déi Saachen hier a wéi kann ee sech dëse private Floumaart virstellen? Mir hunn eis dofir interesséiert a ware bei d'betraffe Persoun laanscht kucken.

Den "Nuckes", esou nennt dee passionéierte Sammler sech, huet iwwer Joerzéngten dëst alles gehalen.
 
Mat de Jore wier dat alles zesummekomm. Et wier een Haiser raume gaangen an et hätt een och vill vun de Leit kritt. A senger Scheier stapele sech Bicher, Pousteren, Spillsaachen, Krichsmaterial, Postkaarten a villes méi. Souguer déi eeler Radioe funktionéieren nach. 
 
A wann Dir och eng Kéier wëllt bei de Nuckes wulle goen, da kënnt Dir Iech gär bei him mellen, fir e Rendez-vous ze huelen. D'Telefonsnummer dofir ass de 691 686 628.