24,1 Prozent manner Infraktiounen um Oktoberfest

© AFP
"Et war eng friddlech Wiesn. An et war eng sécher Wiesn", sou heescht et vun der bayrescher Police an hirem virleefege Bilan.
Et wier zu "100 Prozent gelongen", d'Leit sécher aus de Münchener Garen erauszelenken. Deemno kéint ee vun engem friddlechen Oktoberfest schwätzen.
Dem Münchener Policechef no ass d'Zuel vun den Infraktiounen ëm 24,1 Prozent erofgaangen am Verglach zum Joer virdrun, woubäi d'Oktoberfest 2023 zwee Deeg méi laang gedauert huet wéi dëst Joer. Verglach hätt een dobäi allkéiers en Zäitraum vu 16 Deeg.
Gewaltkriminalitéit liicht réckleefeg
Fir 2024 goufen deemno 706 Verstéiss festgestallt. Gréisser Strofdote wéi Doutschlag oder Iwwerfäll sinn ausbliwwen an och d'Zuel vun de sexuellen Iwwergrëff sinn op 56 zeréckgaangen - dorënner falen zwou Vergewaltegungen an a siwe Fäll goufen heemlech Biller vum Intimberäich gemaach. Och d'Zuel vun de Kierperverletzunge mat Plainte si vun 222 op 212 erofgaangen. Den Undeel vu geféierleche Kierperverletzungen ass allerdéngs liicht geklommen, sou d'Police. An 29 Fäll gouf de Krou als Waff benotzt.
Iwwer 600 Policebeamte waren um kompletten Terrain vum Oktoberfest am Asaz. 1.764 Mol hu si missen ausrécken an domat méi heefeg wéi d'lescht Joer. Do waren et 1.603 Asätz.
Ma allgemeng hätt een awer manner Virfäll enregistréiert, sou d'Police a Bayern. Am Beräich vun Zuchgaren hätt en dann och nach manner Infraktioune festgestallt, vun 423 d'lescht Joer op 404 dëst Joer. Et wier deemno zu 45 einfachen a 14 geféierleche Kierperverletzunge komm.
D'Münchener Oktoberfest ass dat gréisst Volleksfest op der Welt. Déi 189. Editioun ass e Sonndeg op en Enn gaangen.