182 Kilo Marihuana an engem Camion bei Bitburg fonnt

© Symbolfoto / Hauptzollamt Koblenz
De Wäert vun den Drogen, déi net wäit vun der Lëtzebuergescher Grenz saiséiert goufen, gëtt op 1,8 Milliounen Euro geschwat.
D'Douane zu Koblenz mellt en Dënschdeg eng gréisser Decouverte, déi schonn op de 27. September zeréckgeet. Deen Dag haten Douaniere bei Bitburg an de fréie Moiesstonnen ee Camion aus Spuenien kontrolléiert, deen op den éischte Bléck Palette voller Ënne gelueden hat.
De Beamten ass bei der Ënnersichung allerdéngs opgefall, datt am viischten Deel vum Cargo-Raum eng Rei Verpakunge louchen, déi net zum Rescht vun der Luedung gepasst hunn. An néng grousse Plastik-Container hunn d'Beamten doropshin déi 182 Kilo Marihuana fonnt. De Pressespriecher vum Hauptzollamt Koblenz schätzt de Wäert vun de saiséierten Drogen op ronn 1,8 Milliounen Euro.
Zollfahndungsamt Frankfurt am Main iwwerhëlt déi weider Ermëttlungen an op Ufro vum Tréierer Parquet goufen de Camionschauffer a säi Bäifuerer dem Untersuchungsriichter presentéiert. Deen huet fir de 37 Joer Marokkaner a säi 44 Joer ale spuenesche Bäifuerer Untersuchungshaft ordonéiert.