Op ville Plazen am Land si Fassade vun Haiser zu dësem Thema dekoréiert. Mol méi, mol manner.

Zu Béiwen un der Atert gouf leschte Weekend ugefaangen, d'Haus an déi richteg Stëmmung ze bréngen. De Christian Molitor, passionéierte Liichtathlet, wëll de Kanner aus dem Duerf mat senger gespenstescher Dekoratioun an allerlee Iwwerraschungen eng Freed maachen. Duerch d'Beliichtung an déi passend Musek wierkt d'Haus vun der Famill Molitor ganz am geescht vun Halloween.            
 
Halloween soll op dat keltescht „Samhain“ zréckgoen, e Fest, dat schonns am 5. Joerhonnert viru Christus gefeiert gouf, dem kelteschen Neijoerschdag. Et soll virun allem an Irland gefeiert gi sinn.

De Brauch fir Kalbassen auszehielegen a mat enger Käerz ze beliichten, soll op eng al Seeche vum Béisen Jack Oldfield zréckgoen, dee mat enger Rommel an enger Kuel, déi gegléit huet, duerch d'Däischtert wandert.