Wien ass dee Séiersten – mat senger Kalbass? Dorëms geet et an enger méi spezieller Course zu Kasterlee am Norde vun der Belsch.

Ronn 300 Leit hunn an Ekippe vu Véier alles ginn, fir eng gutt Zäit ze paddelen. An dat gëtt hei schonn zanter 2008 gemaach, erkläert den Co-Organisateur Dries Molans.

“Virun e puer Joer hate mir vill grouss Kalbassen iwwereg a mir wollte fir jiddereen eppes ronderëm Halloween maachen. Esou ass dat Ganzt entstanen. Mir hielegen d’Kalbassen aus, halen d’Käre fir dat Joer drop, an d’Kürbis-Booter ginn herno op d’Felder geheit, wou se als Dünger benotzt ginn.”

Nëmmen Zopp aus deene risege Kalbassen ze maachen, ass de lokale Produzenten iergendwann ze langweileg ginn. Tëscht 300 a 500 Kilo weien d’Kalbassen, déi fir d’Course preparéiert ginn. An dës speziell Zort Boot ze navigéieren, ass mol guer net sou einfach, verréit de Participant Mark Smitham:

“Et ass wéi een Ee-Mann-Boot. Wéi zum Beispill e Kanu, awer ouni ee viischten oder hënneschten Deel. Also brauch ee vill Muskelkraaft, fir et roueg ze halen an an déi gewënscht Richtung ze fueren. Ech si bëssen ausser Otem, ech misst méi Kanu fueren. Et ass ustrengend, mee mat esou ville Leit ass et wierklech flott.”

Kasterlee ass iwweregens ee richtegen Hotspot fir Fans vun dësem orange Geméis. D’Uertschaft ass bekannt fir d’Ubaue vu Rise-Kürbissen. Vun hei kënnt dann och den Europa-Champion vun dësem Joer, mat enger Kalbass vun 1.152 Kilo.