Fueren ënner Alkoholafloss a spéider sexuell Handlunge vu Lëtzebuerger

© Archiv
Am däitsche Völklingen si Leit vu Lëtzebuerg nawell extrem negativ opgefall.
E Mëttwoch am Nomëtte gouf e Lëtzebuerger Auto mat zwee Leit dran ugehalen. Den 22 Joer ale Chauffer hat beim Alkohol-Test 1,1 Promill.
Nodeems den Automobilist de Policebüro verlooss hat, gouf hien an de Stroosse vu Völklingen aggressiv mat Passanten.
A enger Shisha-Bar soll hie mat senger 35 aler Bäifuererin am Public sexuell Handlunge gemaach hunn, wéi déi däitsch Police schreift.
Wéi d'Policebeamten op d'Plaz koumen, gouf de Concernéierte mat an d'Zell geholl, fir niichter ze ginn. Knapp 3 Stonne nodeems hien en Donneschdeg de Moien de Policebüro konnt verloossen, koum hie mat enger Begleetpersoun zeréck fir säin Autosschlëssel zeréck ze kréien.
Dës zweet Persoun, déi och zu Lëtzebuerg wunnt, war allerdéngs alkoholiséiert an ass dono mat engem Auto an den Zentrum vu Völklingen geflücht. D'Police konnt dee Chauffer awer kuerz drop stellen. Den Automobilist gouf aggressiv an zwee Poliziste goufe liicht verwonnt.
De Chauffer gouf mat op de Büro geholl.