Déi Zäit am Joer, wéini d’Kierfechter am schéinsten gerëscht sinn
Op deem Dag maache sech d'Leit nach emol extra Méi fir d’Griewer, wou hir léif Verstuerwen bäigesat goufen, ze botzen an nei Blummen dohinner ze setzen.
Iwwerdeems een am Joer 2000 nach op 3 klassesch Sarg-Begriefnisser just 1 Urne-Begriefnis gezielt hätt, wier et haut scho quasi ausgeglach an d’Tendenz géif ëmmer méi a Richtung Anäschere goen. Dat seet de Luc Theis vum Stater Service vun der Kierfechter. Eng Konzessioun fir e Graf kritt een an der Stad Lëtzebuerg iwwregens nëmmen um Moment vun engem Stierffall an déi verstuerwe Persoun muss hire leschte Wunnsëtz an der Stad gehat hunn.
D’Konzessioun déi op 15 oder 30 Joer leeft, kascht fir e Graf vun 2 Meter Carré 200 respektiv 600 Euro. Et kann een se zu all Moment opléisen an da gëtt een entschiedegt. Ma mat der Zäit géifen awer och vill Griewer vernoléissegt ginn a Konzessioun oflafen. Da géif eng ganz Prozedur lancéiert ginn, mat Avisen an den Zeitungen a Käertercher op de Griewer selwer. Wa sech kee "Proprietär" géif mellen, da géif d’Gemeng d’Monument no zwee Joer ewechhuelen an et kéim, jee no Zoustand, nees an d’Vente.
D’Blummegeschäft ronderëm Allerhellegen hätt iwwregens nach net ofgeholl. Vun engem Fleurist aus der Stad krut RTL confirméiert, dass d’Period virum 1. November, nieft Mammendag a Vältesdag, nach ëmmer zu de wichtegsten am Joer zielt. De Gros vun den Arrangementer a Schnëttblumme géife reservéiert ginn. Vill Clienten hätten och Abonnementer fir d’Familljegriewer reegelméisseg am Joer mat neie Blummen ze rëschten. Ma och op de leschte Stëppel kéint een nach eppes kréien. Ëmmer méi dacks géifen d’Leit awer vum Liwwerservice profitéieren a sech net méi selwer an de Buttek deplacéieren.