Vläicht wäert munch een no dëser Nouvelle besser oppassen, vu wou seng Online-Commande hierkënnt.

Eng Fra vun Hessen hat do eng manner schéin Erfarung gemaach. Si hat Gezei online bestallt an dëse gouf wuel a China preparéiert an an Däitschland geschéckt.

Wisou dës Theorie?

Ma well d'Fra beim Opmaache vun hirer Bestellung vun engem Skorpioun gepickt gouf. Dat mellt d'Police vu Gießen e Freideg.

Den Noper vun der 25 Joer aler Fra hat d'Police geruff. Wéi dës op d'Plaz ukomm ass, war de Skorpioun schonn erschloen an d'Fra am Spidol.

Op Urode vum Dokter gouf dat doudegt Déier an d'Spidol bruecht an esou konnt och d'Behandlung op d'Gëft ugepasst ginn.