D'Gedold an d'Feinmotorik vun Hänn a Fangere muss klappen, fir all dës kleng Detailer ze bauen.

Fir déi 41. Kéier scho ginn zu Walfer am Centre Culturel Prince Henry Modellzich gewisen. Héichqualitativ Anlage si bei der Expo-Trains Lëtzebuerg ausgestallt, an dofir ginn d'Organisateuren och iwwer d'Grenzen eraus Exposante mat hire Lokomotiven an Zich sichen.

Eng 19 verschidde Maquettë kann ee sech nach bis e Sonndeg zu Walfer ukucken.

Weider Andréck vun der Ausstellung