Zwee traditionell Rendez-vouse gouf et de Weekend. Zu Bäerdref war d'Haupeschfest an zu Munzen den Haupeschmaart.

Den hellegen Hubertus gëllt als Schutzpatroun vun de Jeeër, de Fierschter an de Juegdhënn. Beim Haupeschfest, dat dem Hubert gewidmet ass, quëtsche sech generell Dausende Leit iwwer de Weekend duerch Bäerdref.

An och dëse Weekend hunn et sech déi mannst vun der dréiwer Zopp dobaussen huele gelooss, fir bis en Tour a Richtung Mëllerdall ze maachen. De Brauch vum Haupeschmaart geet zeréck an d‘17. Joerhonnert. Deemools hunn d‘Jeeër schonn e Maart zu Éiere vun hirem Patréiner – dem hellegen Hubertus – organiséiert. Ma d‘Traditioun zu Bäerdref ass net grad esou al.

Zanter véier Joerzéngte gëtt et d‘Hubertus-Mass zu Bäerdref. Begleet gëtt dës vun den Haupeschbléiser. Si spillen dat deemolegt franséischt Juegd-Instrument. E Brauch, deen iwwer 300 Joer al ass a beim Louis 14 scho beléift war. D‘Musek an d‘Museker an den traditionelle blo-orange Reitmäntel zéien all Joer Visiteuren aus der ganzer Groussregioun un.

De Guy Wagner, President vun den Haupeschbléiser: „Mir hunn eng speziell Blos-Technik. Dat ass en Instrument, dat een net direkt vun haut op muer ka léieren. Mir hunn och eng extra Schoul dofir. Déi Blos-Technik ass am Fong esou, datt ee keng Ventiller huet. Et muss ee mat der Luftröre eng gewësse Kraaft eropbréngen. A mat verschiddener Kraaft bréngt een och verschidden Téin eraus.“

Déi musikalesch Konscht gouf 2020 als UNESCO-Weltkulturiewen opgeholl. E grousse Schratt, esou de President: „Mir spille Concerten, déi am Zesummenhang mat der UNESCO sinn. Ewéi elo hei zu Bäerdref am Amphitheater. Mir hunn och e Concert an der Abtei Neimënster gespillt fir den europäesche Patrimoine. Mir sinn doduerch sécher eng aner Ekipp ginn.“ Déi Lëtzebuerger Ekipp rassembléiert mëttlerweil 15 Leit. 6 neier sinn aktuell an der Schoul. Den Nowuess kënnt lues awer sécher no.

Et begéint een d‘Bléiser iwwerall dëse Weekend zu Bäerdref. Och um Fest 800 Meter ewech, matten am Duerf. D‘Fraen an d‘Mammen am Duerf hu virun 19 Joer profitéiert, fir no der Mass e Maart am Duerf ze organiséieren, erkläert d'Linda Hartmann, Presidentin vu Fraen a Mammen Bäerdref: „2005, wéi deen éischte Maart war, do hate mer 30,40 Stänn. Mëttlerweil hu mer der 120. An do soe mer dann awer “Stopp“. Well méi packe mer net. Et huet sech staark entwéckelt. Mir hunn an der Moyenne bis zu 8.000 Leit, déi eis um Weekend besiche kommen.“

Bei engem gudde Patt léisst et sech jo och gutt Kosettercher halen. Ze schmaache gëtt et iwwer de Weekend genuch: vun der Juegd-Zoossiss bis bei d'Kürbiszopp. Net feelen dierf natierlech den Ierbsebulli. Sozial a kulturell gesinn ass den Haupeschmaart e wichtegen Datum fir déi lokal Leit a fir d‘Veräiner.

D‘Linda Hartmann: „Mir hu vill Leit, déi hëllefen. Zum Beispill déi Klammeren, déi mer als Entréesbilljee maachen. Do schaffen d‘ganz Joer laang Méindegowes Fraen zesummen dodru bei enger Taass Kaffi oder engem Pättchen. Dat ass flott a gëtt e gutt Gefill.“

D‘Haupeschfest ass jo just 1 Mol am Joer an e feste Rendez-vous fir vill Visiteuren.

Andréck vun e Samschdeg

Andréck vum Haupeschmaart zu Munzen