Mir kafen alleguer Saachen. Saachen, déi mir brauchen, déi mir wëllen, déi eis schmaachen.

A mat all Akaf hu mir en Impakt op Produktiounsketten, op d'Liewe vun deenen Leit, déi de Produit hierstellen. Dat ass de Basis-Gedanke vun Transfair-Produiten. Wann de Konsument bereet ass, e faire Präis ze bezuelen, kënnt kee beim Handel ze kuerz. Weder d'Leit, déi schaffen, weder d'Ëmwelt, nach de Betrib.

Mir waren eis ukucken, wéi dat mat Kiischtentomaten aus Tunesien ka funktionéieren.